Eis Gemenge liewen. CSV wielen.
Wëllkomm

Hei um Site fannt Dir all d’Informatiounen iwwert d’CSV-Kandidaten aus de 46 Gemengen, an deenen nom Proporzsystem gewielt gëtt. Dir kënnt Iech hei och déi verschidde Wahlprogrammer ukucken (soubal d’CSV-Sektioun hire verëffentlecht huet) a fannt weider Informatiounen iwwer d’CSV an Ärer Gemeng, fir datt Dir den 8. Oktober Äre Choix treffe kënnt.

Fir op d’Informatioune vun Ärer CSV-Sektioun ze kommen, klickt op Är Gemeng

oder wielt aus der Lëscht aus

All Gemeng huet sécher hir eegen Erausfuerderungen. An dach gëtt et Schwéierpunkten, déi fir all Gemenge gëllen. D’CSV an eis Kandidate fir d’Gemengewahle setzen sech mat 100% Engagement an. Fir eis Kanner. Fir d’Mobilitéit. Fir bezuelbare Wunnraum. Eist gemeinsamt Zil si sécher, staark a zukunftsfäeg Gemengen. Gemengen, déi op d’Liewensqualitéit vun de Bierger setzen. Gemengen, déi liewen an an deenen et sech gutt liewe léisst.

Dofir den 8. Oktober: Eis Gemenge liewen. CSV wielen.