Christine Doerner
64, Notaire, Beetebuerg
Christine Doerner
64 Joer
Beetebuerg

Notaire
Gemengerot
Fréier Députéiert

Ech setze mech a fir eng gelieften Solidaritéit tëschent de Generatiounen nom Moto ‘All Alter zielt’.

Eist Zesummeliewe brauch awer och kloer Reegelen, déi mir am Gemengerot diskutéieren a festhalen.Natierlech musse mir och dofir suergen, dass dës Reegelen agehale ginn.

Dofir hu mir, niewent der lokaler Police, zwee Agent municipaux agestallt, déi kontrolléieren an oppassen datt eis kommunal Polizei-Reglementer agehale ginn. Eist lokaalt Sécherheetsgefill wäert nach zouhuelen mat der geplangter Kompetenz – Erweiderung vun den Agent municipaux.

Den Ëmbau an d’Kanalaarbechten an der „Rue de la Gare“ mat neie Verkéiersmoosnamen déi verlaangen dass den Automobilist „super lues“ hei ënnerwee muss sinn, steigeren d’Sécherheet vun de Jonken an manner jonken Foussgänger a Vëlosfuerer. D’Rue de la Gare“ mat neie Beem, Sëtzbänken, gesenkten Trottoiren, gëtt e liewegen Duerfkär wou d’Leit sech kënne begéinen.

Christine Doerner