Eis Gemeng ass mat der Eisebunn an der Autobunn gewuess. Dat ass eng Chance awer och eng Erausfuerderung. Beetebuerg ass eng Kräizung vu wichtege Verkéiers-Oderen vun eisem Land. Eis Gemeng huet sech an de leschte Joer staark entwéckelt. Tëschent Beetebuerg an Diddeleng ass eng Logistik-Plattform entstan. Nei Aarbechtsplazen a neie Wunnraum si bäikomm. Mir zielen haut no un 11.000 Awunner an iwwer 70 verschidden Nationalitéiten. Mir wëllen deem Wuesstem net nokucken mee e begleeden a steieren. Dofir hu mer vill Projeten op d ‘Schinne gesat a realiséiert.Et bléift nach vill ze maachen. Ech géif gären zesumme mat Iech eis Gemeng weider no vir brengen.