Ech spille nach ëmmer gär Fussball a mengem Veräin SC Beetebuerg. Duerch de Fussball sinn ech op Beetebuerg komm. Ech freeë mech datt mer mat eiser Dammen-Equipe den éischten Championstitel konnte gewannen. Mir wëssen wéi eng wichteg Roll de Sport an de Fussball och fir d’Zesummeliewe spillen. Déi nei Vestiairen um Terrain sinn eng richteg Unerkennung fir den Asaz an d’Motivatioun. Och en zweeten syntheteschen Terrain ass virgesinn a wäert d’Konditiounen um Stade weider verbesseren.
Ech liewe mat menger Fra Carmen Crelot an eisen dräi Kanner no beim Parc Merveilleux. Eng wonnerbar Attraktioun fir all Famill. Duerch d’Sanéierung vun der fréierer Deponie Mosselter kann de Parc sech weiderentwéckelen.
De Succès vum Parc bréngt natierlech och vill Autoen an eis Quartieren op der Sich no enger Parkplaz. Dofir ass d’Navette de Weekend eng gutt Iddi an de neie Parking vis-à-vis vum Stade e richtegen Duerchbroch. Mir realiséieren dee Parking endlech !