Carolina Almeida
Carolina Almeida
18 Joer
Studentin
  • Member vum Lëtzebuerger Jugendparlament
  • Member vum European Youth Parliament
  • Member vu Young CARITAS
  • hëlt Deel um Programme de formation des jeunes 2017 vun der CSV

Hobbyen:

Tennis, Reesen

Carolina Almeida

 

Mäin Numm ass Carolina ALMEIDA. Ech sinn 18 Joer al a wunnen säit 6 Joer hei zu Dikrech.

Ech sinn am Moment op enger 2e Générale am Dikrecher Kolléisch an hu wëlles spéider  PPLE (Politics, Psychologie, Law and Economics) zu Amsterdam ze studéieren.

Ech sinn zënter 2 Joer aktiv an der Politik täteg. Ech sinn fir d’éischt an d’Jugendparlament komm wou ech mech innerhalb vun engem hallwe Joer bis op de Poste vun der Sekretärin vun der Chance-Gläichheets-Kommissioun eropgeschafft hunn.

Duerno sinn ech dann och an d’Europäescht Jugendparlament agetrueden. Do hat ech dann d’Chance a 6 verschiddene Länner u 6 verschiddene Kongresser mat aneren europäesche jonk Politiker deelzehuelen.

Der CSV sinn ech am Dezember 2015 bäigetrueden. Do hunn ech Leit fonnt déi di selwecht Wäerter vertriede wéi ech an déi mir bei menger politescher Aventure gehollef hunn a mech weiderbruecht hunn.

Mat mengen ganz frëschen 18 Joer ginn ech dann elo mat a meng éischt Gemengewahlen. Fir Dikrech setzen ech mech an well ech mengem Doheem eppes well zeréck ginn. Ech well meng Energie, meng Kreativitéit a mäi jonken Elan notzen fir mei Léift, Zesummeliewen an Zesummewuessen an Dikrech ze brengen.

Et ass ee laange Wee bis dohin. Ech wëll dee Wee mat menger Famill, menge Frënn, menge Matbierger, mat der Dikricher CSV-Equipe a mat jidderengem deen u mech an un eis gleeft, zesumme goen.

Komm mir maachen eis den 8ten Oktober zesummen op de Wee andeems mir Lëscht 3 wielen.

Zesumme fir Dikrech !

 

D’Juniore vun der CSV-Dikirch Lëscht 3 mam Carolina ALMEIDA