Fir eis Stad. Fir Dikrech.
Mäin Numm ass Charel Weiler, hunn 30 Joer a sinn en gebiertegen Dikrecher.
D’Spillschoul, d’Primärschoul an de Lycée hunn ech zu Dikrech besicht, ier ech mäi Studium op der Uni zu Lëtzebuerg, zu Stroossbuerg an zu Mainz gemaach an ofgeschloss hunn.
Momentan schaffen als Affekot an enger Dikrecher Etude.
Mäin Beruff, deen ech immens gären hunn, konfrontéiert mech all Dag mat de Suergen an de Problemer vun de Mënschen, aus alle soziale Schichten.
Hinne mat Rot an Dot zur Säit ze stoen an ze hëllefe mëscht enorm vill Freed.
Duerch déi verschidde politesch Mandater vu mengem Papp, sinn ech schon a jonkem Alter mat Politik konfrontéiert ginn, a sou ass mäin Interessi un der Politik lues a lues gewuess.
D’Suerge vun de Jonken an d’Froe vun der sozialer Gerechtegkeet a Fairness op villen Niveaue vun eiser Gesellschaft hu mech, ënnert anerem, dozou beweegt aktiv matzeschaffen.
Ech wëll gären hëllefen eis Stad Dikrech weider ze entwéckele fir dass mer all méiglechst gutt zesumme liewe kënnen.
D’Erausfuerderungen si spannend an et gëtt se op ville Plazen.
Ech si bereet se unzehuelen, an dat zesumme mat menge Frënn aus eiser Partei, der CSV.
Dofir, den 8ten Oktober, de Rondel vun der Lescht 3 schwäerzen.
Un moment de détente pour Charles WEILER sur la Place de la Libération.