Françoise Kerger-Faber
Françoise Kerger-Faber
62 Joer
Wittfra, Mamm vun 3 erwuessene Kanner
Hausfra, assistante sociale
  • Member vum Sektiounscomité vun der CSV Dikrich
  • am Gemengerot zanter 2005
  • Vertrieder vun der Stad Dikrich am Verwaltungsrot vum Office social Nordstad (OsNoS)
  • Member vun der Commission du développement local, régional et de l’environnement
  • Vizepresidentin vum Forum pour l’Emploi
  • Member vum Kiercherot
  • Member vum Verwaltungsrot vun der « Vie naissante »

Hobbyen:

am Gaart schaffen, Spadséiere goen, kulturell Aktivitéiten

Françoise Kerger-Faber

 

Ech sinn zanter 1978 an der Vereenigung « Pour la Vie Naissante » engagéiert, am Ufank als assistante sociale an elo als bénévole an als Komiteesmember. D’Association « Pour la vie naissante » hëlleft do wou Leit duerch eng onerwënschte Schwangerschaft a Nout geroden, mam Zil dat ongebuerent Liewen ze schützen.

Fir ze hëllefen, de Leit och konkret ënnert d’Äerm ze gräifen, sammelen ech doheem (6, rue du Pont 9268 Dikrich) Kannerkleeder bis 3 Jar a Material fir de Baby (Better, Kutschen, …). Wann dir Kleeder oder Material hut, wat an engem gudden Zoustand ass, kënnt dir déi Saache an der Kleederstuff bei mir ofginn.

Als laangjärig Präsidentin vun der Sozialkommissioun an Zesummenaarbicht mat der commission d’intégration hunn ech och « Salz & Brout » an d’Liewe geruff. Dat ass eng kleng Feier déi all Jar organiséiert gëtt, fir di nei Dikricher, déi Leit déi an deem Jar op Dikrich wunne komm sinn, an hirer neier Heemechtsstad ze begréissen a kennen ze léieren.

Ech vertrieden awer och d’Stad Dikrich am Conseil d’administration vum Office social Nordstad (OsNoS) an deem di 6 Nordstadgemengen an d’Gemenge Buurschent, Feelen a Mäertzig zesumme schaffen. Ech si frou, dass hei dee soziale Gedanken an di ëmmer méi wichtig regional Approche vun der Gemengepolitik konnte verwierklicht ginn.

Ech sinn och mat Läif a Séil Vizepresidentin vum Forum pour l’Emploi, eng Beschäftigungsinitiativ, déi sich duerch eng gutt Gestioun an en performanten Encadrement vu jonke Chômeuren auszeechent: Mir gefält beim Forum, dass do konkret Hëllef geleescht gëtt an dass sou vill Phantasie an all hire Projete stécht, wéi z. B. Klammschoul-Hochseilgarten a Summerbuttik.

Eng aner Manifestatioun ass mir och un d’Häerz gewuess, d’Nopeschfest: D’Nopeschfest ass e wichtige Moment fir eist Zesummeliewen an der Strooss an am Quartier. Do maachen ech all Joer a vun Ufank un gäre mat. Et ass e Geste géint d’Anonymitéit an d’Isolatioun an eise Stied. Dat ass mir e perséinlicht Uleies.

 

Françoise KERGER Member vum Sektiounscomité