Paul Bonert
Paul Bonert
64 Joer
bestuet, 2 Kanner
Dokter
  • President vun der CSV Dikrich
  • Member vum Bezierkscomité vun der CSV-Norden
  • am Gemengerot zanter 1988
  • Schäffen vun 2005 bis 2011
  • CSV-Fraktiounspresident vun 2011 bis 2017
  • Member vun der Finanzkommissioun
  • Comitésmember vun der Denkfabrik Nordstad
  • Comitésmember vum Uergelbauveräin Dikrich

Hobbyen:

Gaart, Lokalgeschicht, Genealogie

Paul Bonert

 

Hu 64 Jar. Si bestuet a Papp vun 2 Kanner.

Nom Kolléisch (1965-1972), hunn ech Medizin zu Namur bei de Jesuiten (1972-1975) an zu Louvain op der UCL (1975-1979) studéiert. 1979 hunn ech mech zu Dikrich als Dokter établéiert.

Seit 1988 sinn ech Member vum Dikricher Gemengerot. Vun 2006 bis 2011 war ech am Schäfferot zoustännig fir d’Affaires culturelles an d’Affaires sociales. Ech hu mech agesat fir d’Schafe vun engem Service des logements sociaux an d’Opstelle vum Office social vun der Nordstad. Op kulturellem Plang waren ënnert anerem d’Organisatioun vun de 750 Jar–Feierlichkeeten (2010) an de Bau vum Dikricher Geschichtsmusee (MH[s]D) meng Aufgab. D’Restauratioun vun der Dekanatskierch an de Bau vun enger neier Uergel louche mir besonnisch um Häerz.

Seit 2011 sinn ech President vun der Dikricher CSV-Sektioun a President vun der CSV-Fraktioun am Gemengerot.

Erausfuerderungen fir di nächst Jaren a Schwéierpunkten am Programm vun der CSV-Dikrich sinn:

Kannerbetreiung, Wunnen, Verkéier an Nordstad.

Meng Hobbie sinn

  1. Gaart (Drauwen, Äppel, Biren, Quidden, Kiischten, Kréischelen, Nëss, …),
  2. Généalogie (iwwer 600 « Kosengen » an Amerika),
  3. Lokalgeschicht (« Saviez-vous que ? », lokal-anekdotische Blog mat 139 Artikelen)
  4. Kultur (Molerei, Musik, Photographie, …)