Chantal Boulanger-Hoffmann
53, Hausfra, Äischen
Chantal Boulanger-Hoffmann
Gemengeconseiller
Presidentin vun der Chancëgläichheetskommissioun

Mäin Numm ass Chantal Boulanger-Hoffmann, ech sinn 53 Joer al, Hausfra, bestuet a Mamm vun 2 Kanner.

Zanter menger Kandheet wunnen ech zu Äischen.

No menger berufflecher Carrière als Sekretärin hunn ech mech dofir entscheet doheem bei menge Kanner ze bleiwen.

An der Gemengepolitik sinn ech säit de leschte Wahlen 2011 fir d’CSV am Gemengerot.

Besonnesch interesséiert mech d’Zesummenaarbecht mam Club Senior, der Jugend an och mat de Veräiner.

Ech si Presidentin vun der Chancëgläichheetskommissioun, Member vun der Kulturkommissioun an och Presidentin vun den Oeuvres Paroissiales.

Meng Fräizäit verbréngen ech am léifste mat menger Famill a mat Frënn awer och vill an der Natur.

Ech si weiderhin motivéiert mech fir eng lieweg, dynamesch a biergerno Gemeng anzesetzen, an där jiddereen sech wuel fillt.