Ech sinn den Daniel Freymann, 50 Joer, bestuet mam Monique a Papp vun 2 Jongen. Ech wunnen zanter menger Gebuert zu Äischen.
Berufflech sinn ech täteg am Service vun de Ressources Humaines vun der CFL.
Säit Januar 2012 sinn ech President vum Fussballveräin Alliance Äischdall, wou mir eis onermiddlech asetzen, zesumme mat der Jugendkommissioun, fir eis jonk Spiller ze begleeden a si an eis Seniorsequipe z’integréieren.
Als weideren Hobby, zesumme mat menger Fra, bedreiwe mir e Café a si stolz drop domadder Aarbechtsplaze geschafen ze hunn.
Mat menger mëttlerweil erschaffter Erfahrung an der Politik wëll ech mech mat der CSV-Equipe zesummen asetze fir onse Bierger de beschtméigleche Service unzebidden.
Perséinlech sinn ech der Meenung, dass mir déi läscht Joren eis a ville Beräicher agesaat hunn an och konkret zukunftsorientéiert Projete realiséiert hunn.
Ech well mech weiderhin asetzen, zesumme mat der CSV-Equipe, fir dass mir eng lieweg an dynamesch Gemeng bleiwen.