Mäin Numm ass Guy Robert, bestuet, Papp vun 3 Jongen. Ech sinn opgewuess a wunnen zu Habscht.
A mengem Beruff als Dréckermeeschter sinn ech gewinnt Responsabilitéit ze iwwerhuelen, oppen ze sinn fir nei Technologien an den Ëmgang mat de Leit.
Verantwortung, Respekt ee virun dem anere sinn déi Wäerter, déi ech als Papp menge Kanner vermëttelen.
Am Gemengerot sinn ech zanter de Wale vun 2006. Vun do un sinn ech och President vun der Ëmweltkommissioun a Vertrieder vun der Gemeng am Minettkompost.
Ech sinn een Naturverbonnene Mënsch, gären an der Natur an hale selwer Déieren. Natierlecht Drénkwaasser an eis eege Quelle leie mer ganz besonnesch um Häerz.
Ech interesséiere mech fir Technik besonnesch fir landwirtschaftlech a forstwirtschaftlech Maschinnen. War nach ëmmer aktiv am Veräinsliewen. Am Moment sinn ech Member vun der Jugendkommissioun vun der Alliance Äischdall, wou ech a menger Jugend Spiller war. Een neien Hobby, Motorrad fueren, hunn ech mat mengem Bouf entdeckt.
Mäin Asaz fir d’Gemeng ass fir eng naturno Gemeng mat enger gesonder Entwécklung an d’Erhale vun eise Veräiner, déi eist Duerfliewe méi attraktiv gestalten.