Programme électoral de la CSV commune Luxembourg
Notre programme
Vous trouvez la version française de nos priorités ici.
Vous avez des questions?
Nous venons à votre rencontre!
Avec l’investissement au travail et au sein de la famille il ne reste souvent plus le temps d’assister aux réunions électorales. Par conséquent, s’informer sur la politique, les candidats et les positions des partis politiques n’est pas évident.
Pourtant vos opinions et vos idées comptent ! Vos préoccupations et soucis nous tiennent à coeur ! Et vos questions méritent une réponse !
Si vous, en tant qu’individu, mais aussi ensemble avec votre famille, vos amis, vos voisins, êtes intéressés à discuter avec certains de nos candidats, si vous êtes un club ou une association, alors contactez-nous afin de fixer ensemble un rendez-vous !
stad@csv.lu /// Secrétariat: 691 746338
Réunions électorales avec traduction simultanée en français
- 21 septembre 2017 à 19:00 heures aux Rotondes à Bonnevoie
- 28 septembre 2017 à 19:00 heures au Foyer de la Hall Victor Hugo au Limpertsberg
- 5 octobre 2017 à 19:00 au centre culturel « Schéiss » à Belair
Ons Stad liewen, verlaangt…
100% Engagement fir eng Mobilitéit, déi net stoe bleift.
Ons Stad ass mënschefrëndlech, wa mir ons entspant, sécher a wann néideg séier beweege kënnen. Anengems geet hautdësdags an onser Stad dacks näischt méi hannertzeg nach vijhenzeg. Et kommen all Dag vill méi Leit bei ons schaffen ewéi datt der bei ons wunnen. 2016 sinn et an onser Stad 170.000 Aarbechtsplazen an 115.000 Awunner ginn.
Dëst Ongläichgewiicht féiert zu deem villen Trafic an de sëlleche Chantieren an der Stad. D’Liewensqualitéit huet an onser Stad doduerch an de leschte Joeren ofgeholl.
Ons nees méi ze beweegen an an onsem Alldag manner Stress duerch manner Stau ze hunn, Dag fir Dag manner onnéideg Zäit ze verléieren, heescht Wunnen a Schaffe beieneen ze bréngen. Dat geet nëmmen, wa méi, a besonnesch méi abordabel, Wunnengen an der Stad gebaut ginn.
Anengems muss d’Stad zesumme mat der Regierong an de Noppeschgemengen all d’Forme vu Mobilitéit ausbauen. Net stur a mam Kapp duerch d‘Mauer, mä all Kéiers do, wou se Sënn maachen. Mir brauche fir jidderee vun ons déi richteg Offer op der richteger Plaz.
Dofir muss d’Mobilitéitskonzept “MoDu” (Mobilité durable), dat vun der CSV an der leschter Regierong ausgeschafft ginn ass, net nëmme séier ëmgesat, mä och weiderentwéckelt ginn. Dat mat Hëllef vu couragéierte Mesuren, déi dem staarke Wuesstem vun de nächste 15-20 Joer gerecht ginn.
Mat der CSV wäert(-en) fir de Foussgänger:
- an de Quartierë vun der Stad breet genuch, sécher a gutt beliichten Trottoiren a Foussgängersträife amenagéiert ginn.
- d’Trottoire flaach gemaach a net mat Stroossemiwwelen (ewéi z.B. Bänken, Poteauen, Poubellen …) a Stroosseschëlter zougestallt ginn.
- d’Zufoussgoe méi séier ginn, andeems iwwerall wou et méiglech ass, Stroosse queesch mat Weeër verbonne ginn.
- an neie Quartierë vun Ufank u Weeër amenagéiert ginn, fir den ëffentlechen Transport zu Fouss um kierzste Wee z’ereechen.
- Trottoiren a Velospiste kloer vun enee getrennt ginn, och an de Stadter Parken, fir datt Foussgänger a Velosfuerer sech sécher beweege kënnen.
- de Prinzip vum “trottoir traversant”, wou et Sënn mécht, agefouert ginn : wann Trottoiren a Strooss sech kräizen, gëtt d’Strooss ënnerbrach an den Trottoir geet weider an net ëmgedréint, ewéi bis elo.
- de “shared space” no an no am Stadzentrum (z.B. an der Ënneschtgaass, um Gruef) an am Zentrum vun de Quartieren ausgebaut ginn.
- den historesche Kär vun der Stad (Fleeschiergaass, Um Rouscht, Niklosgaass) verstäerkt fir de Foussgänger reservéiert ginn.
- d’rout Luuchten esou geschallt ginn, fir datt d’Foussgänger manner laang waarde musse fir kënnen iwwert d’Strooss ze goen.
- bei ganz breede Stroossen, niewent de roude Luuchten, Aueren opgeriicht ginn, déi dem Foussgänger weisen, wéi laang d’Luuchte nach gréng oder rout sinn (z.B. an der Neier Avenue oder der Avenue Kennedy).
- Stroossen een Trottoir kréien, laanscht déi et bis elo keen Troittoir gëtt.
- bei all gréisserem Chantier systematesch ee provisoreschen, sécheren Trottoir (respektiv eng Velospiste) amenagéiert ginn.
- eemol am Mount ee Sonnden ouni Auto an der Stad ginn, wou eng Rei grouss Stroossen (z.B. d’Nei Avenue an de Boulvard Royal) gespaart a fir Foussgänger a Velosfuerer reservéiert sinn.
Mat der CSV wäert(-en) fir de Velo:
- endlech um ganze Territoire vu der Stad, ee Reseau vu zesummenhängenden a séchere Velospisten amenagéiert ginn.
De Velo ka sech an onsem Alldag als wierklecht Verkéiersmëttel nëmmen duerchsetzen, wann e sech net eleng op ee Veloslocatiounssystem, mä op eng gutt Velosinfrasktruktur stäipt. Als vulnerabele Member am Verkéier (genee ewéi d’Foussgänger) musse sech d’Velosfuerer sécher an net permanent gestresst spieren. Dëst gëllt ganz besonnesch fir ons eeler Matbierger a fir ons Kanner. Nëmmen esou wäerte vill méi vun ons am Alldag mam Velo fueren.
Dofir wäerten iwwerall do, wou et Sënn mécht, vun der Strooss (an dem Trottoir) getrennten a gutt beliicht Velospisten amenagéiert ginn. Op kritesche Plaze kënnen z.B. Parksträifen, déi bestinn an déi laanscht Trottoiren agezeechent sinn, duerch Velospisten ersat ginn (cf. Punkt „Fir ze parken“). Sou kënnen dann endlech wichteg Deeler vu Velospisten, déi bis haut feelen, amenagéiert ginn.
D’Orientéierong vum Velosfuerer wäert duerch eng gutt Beschëlderong a Markéierong an duerch logesch Tracéë verbessert ginn. Ee Guidagesystem iwwert d’Velospiste wäert an déi aktuell Staadter App agebaut ginn.
- zwou zentral Velospisten amenagéiert ginn, déi vu Norden no Süden a vun Westen no Osten queesch duerch d’Stad ginn.
- all d’Quartieren duerch méiglechst kuerz a sécher Velospiste mam Zentrum ugebonnen a matenee verbonne ginn.
Ob verschidde Quartieren am beschte mat Brécken, Lifter asw. verbonne ginn, gëtt vu Fall zu Fall iwwerpréift.
Beim Projet vun der Bréck iwwert d’Neiduerf ass fir ons wichteg, datt all Projet just am Dialog mat den Awunner a mam Accord vun all de concernéierten, lokalen Interesseveräiner ëmgesat gëtt; datt eng Léisung gesicht gëtt, déi finanziell raisonnabel a laangfristeg effikass a sënnvoll ass; datt als direkt Mesuren d’Bussen op de Strecke fir an déi Quartieren equipéiert gi fir wierklech Veloe kënnen ze transportéieren.
- interkommunal Velosstroossen aus der Agglomératioun (an dodriwwer eraus) an d’Stad eran aménagéiert ginn op deenen niewend dem normale Velo an dem E-Bike och de Pedélec (elektresch Mobilette) circuléiere kann.
Esou kéint fir déi sëlleche Navetteuren, eng méi attraktiv, ëmweltfrëndlech Alternativ zum Privatauto entstoen.
- de kommerzielle Locatiounssystem vu Veloen an der Stad Lëtzebuerg no an no op E-Biken ëmgestallt ginn, déi dann och an der ganzer Agglomeratioun vun der Stad kënne benotzt ginn.
De Velolocatiounssystem gëtt net nëmmen un de leschte Stand vun der Technik ugepasst andeems och E-Biken ugebuede ginn, mee et wäert och verhënnert ginn, datt esou e System als Publicitéitsfläch gebraucht gëtt an et doduerch zu enger visueller Verknaschtong vun onser Stad kënnt, esou ewéi dat haut de Fall ass.
De Veloslocatiounsystem soll vun der Stad selwer, an Zesummenaarbecht mat de Noopeschgemengen an engem spézialiséierten Acteur, geréiert a koordinéiert ginn.
- méi Velosparkingen an der Stad amenagéiert ginn.
An all gréisserem ëffentleche Parking gëtt am Entréesberäich en Deel fir Veloe reservéiert (och d’Motorrieder ginn net vergiess).
All d’P&Riden an der Stad kréien ee Park&Bike bäi, fir vum Auto op de Velo (Privat- oder Locatiounsvelo) kënnen ëmzeklammen.
Och no un den Alldagsdestinatiounen, ewéi de Crèchen, Foyeren, Schoulen, Spillplazen, dem Biergerzenter oder dem lokale Commerce, wäerte méi Velosparkinger entstoen. D’Patronen an Entreprise gi sensibiliséiert a berode fir an a bei hire Gebaier, Parkplaze fir d’Veloe vun hire Mataarbechter z’amenagéieren.
- d’Bussen an den Tram esou amenagéiert ginn, datt si de Velo mathuele kënnen.
- D’App vun der Stad staark weiderentwéckelt gëtt mat engem Guidagesystem fir de Velosfuerer, engem Iwwerbléck op d’Velospisten an déi noste Veloslocatiounstatioun, Velosparking a Statioun fir E-Biken opzelueden.
- Servicestrukture fir d’Velosfuerer gebaut ginn (z.B. Pompelen, Velosatelieren, Foussstäipe bei roude Luuchten, Waasserdistributeuren, Statioune fir E-Biken opzelueden).
Dozou gehéiert och d’Méiglechkeete fir eng Douche ze huelen méi bekannt ze maachen, an d’Entreprisen/d’Patronen ze sensibiliséieren, besonnesch bei neien, gréissere Bürosgebaier, esou Equipementer/Servicer fir hir Mataarbechter virzegesinn.
- d’Entreprisen, a besonnesch déi, déi vill Leit an der Stad beschäftegen, matagebonne fir mat hinnen zesumme Mesuren ze huelen fir aus der Stad eng velosfrëndlech Stad ze maachen.
- zesumme mam Staat eng Mediencampagne gemaach ginn, fir d’Autosfuerer ze sensibiliséieren op d’Foussgänger an d’Velosfuerer opzepassen.
- am Wanter d’Velospisten séier vu Schnéi an Äis befreit ginn.
Mat der CSV wäert(-en) fir de Bus:
- op den Haaptverkéiersstroossen, déi an d’Stad eraginn an op deenen den Tram net fiert, prioritär Busspueren agefouert ginn, fir datt d’Busse méi séier wéi den Autosverkéier an den Zentrum eran- an erauskommen.
Op enger Rei wichtegen Achsen (z.B. der Lonkécher-, der Tréierer-, der Diddenuewener- oder der Escherstrooss) kéinten BHNS-Linnen (bus à haut niveau de service) wéi den Eurobus um Kierchbierg, agesat ginn.
Do, wou et net méiglech ass Busspuren an déi zwou Richtungen ze amenagéieren, sollen zentral Busspuren amenagéiert ginn, déi hir Richtong un de Floss vum Haaptverkéier upassen. Esou modulabel Spuere kéinten an enger éischter Phase am Houwaldter- an Eecherbierg entstoen.
- eng zirkulär Buslinn getest ginn, wou Bussen, ouni duerch de Stadzentrum ze fueren, déi eenzel Quartierë matenee verbannen.
Esou eng Linn kéint Bouneweg-Hamm-Cents-Kierchbierg-Dummeldeng a Gare-Houwald-Gaasperech-Zéisseng-Hollerech-Belair-Lampertsbierg-Dummeldeng matenee verbannen.
- mam progressiven Ausbau vum Tram, d’Buslinne vun der Stad esou fonktionnéieren, datt si all d’Quartierë gutt un déi geplangte Plaze fir vum Bus op den Tram/Zuch ëmzeklammen (pôles d’échanges) ubannen.
- d’Frequenz vun de Bussen owes an d’Luucht gesat gi fir den ëffentlechen Transport fir déi Leit, déi mam Bus op Aarbecht fueren, méi attraktiv ze maachen an esou och déi geplangte Reduktioun vu regionale Bussen ze kompenséieren.
- Samschdes, Sonndes an op Feierdeeg d’Frequenz op deene Linnen eropgesat ginn, déi wichteg Infrastrukturen ubannen (z.B. de Fluchhafen oder de Centre Hospitalier), fir datt Leit, déi keen Auto hunn oder wëllen, sech och op dësen Deeg séier beweege kënnen.
- d’Late-Night-Bussen an enger Testphase och Mëttwochs an Donneschdes fueren.
- d’Méiglechkeet iwwerpréift gi fir ënnert der Stäereplaz eng modern Busgare ze bauen.
- méi elektresch Bussen op deene verschiddene Linnen agesat ginn.
- d’Busarrêtë méi attraktiv a fir jiddereen accessibel gemaach ginn.
An de Bushaisercher wäerte Bänken, Poubellen, Billjetsautomaten einfach an iwwersiichtlech Linnen- an Zäitpläng vun de Bussen a méi Informatiounen iwwert d’Quartiers- respektiv d’Stadliewen ze fanne sinn.
Mat der CSV wäert(-en) fir den Tram:
- den Tracé vum Tram séier vum Glacis bis op d’Gare an vun der Gare bis an de Ban de Gasperich an op d’Cloche d’Or verlängert ginn, fir datt de Gros vun den Navetteuren, déi mam Zuch an d’Stad kommen direkt un den Tram ugebonne ginn.
Dofir gëtt no Weeër gekuckt wéi de Chantier, op der Haaptlinn, Dag a Nuecht fonctionnéiere kéint.
- beim Bau vun dëser Haaptlinn vum Tram dofir gesuergt ginn, datt d’Koordinatioun vun de Chantieren effikass a performant ass.
All onnëtz Belaaschtung vun den Awunner an de Geschäftsleit, besonnesch an de betraffene Quartieren, gëtt op e Minimum reduzéiert.
Fir ze verhënneren, datt duerch de Bau vun der Haaptlinn vum Tram de Verkéier am Stadzentrum komplett zesummebrécht, gëtt all anere Chantier an der Noperschaft, dee net onbedéngt néideg ass, no hanne verluecht.
Fir déi schwierech Chantiersphase vum Tram muss och onbedéngt e valable Plang fir d’Mobilité douce ausgeschafft an ëmgesat ginn. An deem Kader, a wéinst deene villen anere Chantieren an der Stad, mussen och behënnertegerecht, alternativ Weeër virgesi ginn. Am Moment ass et als Persounen à mobilité réduite, als Senior oder mat enger Kannerkutsch, dacks net méiglech fir sech sécher an der Stad ze deplacéieren. Et ginn keng alternativ Weeër an et gëtt net genuch Sécherheet well ee gezwongen ass fir iwwert Strooss ze fueren/goen.
- d’Geschäftsleit, déi duerch den Tramschantier geschiedegt ginn, no kloer definéierte Critèren entschiedegt ginn.
- déi nei Quartieren, déi am Westen vun der Stad an um Kierchbierg entstoe sollen, un den Tram ugebonne ginn.
- op Basis vum “MoDu”, zesumme mat den Nopeschgemengen an der Regierong, den Tram sou séier wei méiglech an d’westlech Agglomeratioun (Bartreng/Stroossen/Mamer/Leideléng a villäicht doriwer eraus) vun der Stad ausgebaut ginn.
- iwwerpréift ginn, ob den Tram och an déi östlech Agglomeratioun vun der Stad (a Richtung Nidderaanwen a Sandweiler) soll verlängert ginn.
Mat der CSV wäert(-en) fir den Zuch:
- prioritär den Arrêt Hollerech zu engem pôle d’échanges ëmgebaut ginn an eng nei Gare périphérique “Porte de Hollerich” mat pôle d’échanges geplangt a gebaut ginn.
Mat dëser neier Gare gëtt deen neie Quartier, deen am Westen vun der Stad geplangt ass, un den ëffentlechen Transport ugebonnen.
- d’Gare centrale entlaascht ginn, andeems den Houwalder Arrêt an déi nei Gare “Porte de Hollerich” mat Hëllef vun engem By-pass direkt matenee verbonne ginn.
D’Zich aus Direktioun Frankräich an dem Süden vum Land respektiv aus der Belsch an dem Westen vum Land brauchen dann net méi all iwwert d’Haaptgare ze fueren.
- iwwerpréift ginn ob ënnert dem Rumm-Plateau e weidere By-pass vun der Gare centrale, tëscht der Tréierer Streck an der Nordstreck, gebaut ka ginn.
D’Zich aus Däitschland an dem Osten vum Land kéinten esou direkt bis op den Arrêt Pafendall-Kierchbierg fueren an déi vill Navetteure méi séier op de Kierchbierg kommen.
- d’Gare vun Dummeldeng ausgebaut ginn, fir datt déi Zich, déi aus dem Süden kommen an um Arrêt Pafendall-Kierchbierg stoe bleiwen, nees ëmdréine kënnen.
Dësen Ausbau kéint eventuell op den Terrainë vun der Dummeldénger Industriefriche geschéien an den Ufank vum Reamenagement vun dësem wichtege Site alauden.
- mat der Regierong gekuckt ginn, datt d’Zich vun der CFL mat ëffentlechem Wifi equipéiert ginn.
Mat der CSV wäert(-en) fir den Auto:
- esou vill ewéi méiglech Verkéier aus de Wunnquartieren erausgehale ginn an d’Haaptstroosse vun der Stad Lëtzebuerg mat Hëllef vun engem Réseau vu Contournements- an Verbindungsstroossen entlaascht ginn.
D’Haaptzil ass et déi Contournement- an Verbindungsstroossen (z.B. Boulevard de Merl a Boulevard de Cessange) ze notzen, fir déi eenzel Entwécklungszentre vun der Stad besser mateneen ze verbannen an doduerch ze verhënneren, datt dee ganze Verkéier duerch d’Wunnquartieren an de Stadzentrum fuere muss.
Anengems geet et och drëms, déi geplangten, nei Quartieren am Westen vun der Stad gutt unzebannen an am Stadzentrum déi néideg Plaz fir déi douce Mobilitéit an den ëffentlechen Transport ze kréien.
An de Wunnquartierë wäerte fir den Duerchgangsverkéier erof- an d’Liewensqualitéit nees eropzesetzen, eng Rei Mesuren ëmgesat ginn, wéi z.B. d’Kappe vu Wunnstroossen oder dissuasiv Systemer vun Sens-uniqueën.
- d’”Zonen 30” an de Wunnquartierë weider ausbauen an déi Zonen esou amenagéiert ginn, datt d’Autosfuerer un d’Vitesselimite erënnert ginn (pädagogesche Radar) an sech un dës hale mussen.
- laanscht d’Autobunne Schutzmauere gebaut, fir datt déi Quartierë vun der Stad, déi dodru leien, de Kaméidi net matkréien.
- de Prinzip vum Autodeelen (Carpooling) ënnerstëtzt ginn, fir datt méi Léit zesumme mat engem Auto an d’Stad fueren.
- de Carsharingsystem ausgebaut a méi Statioune fir Elektroautoen opzelueden, gebaut ginn, ewéi och an d’App vun der Stad integréiert ginn.
- d’Autoen, déi der Stad Lëtzebuerg gehéieren, no an no duerch Elektroautoen ersat ginn.
- déi Awunner, déi keen Auto hunn, ee gratis M-Pass an all neien Awunner een M-Pass fir ee Mount geschenkt kréien.
Mat der CSV wäert(-en) fir ze parken:
- méi d’Kuerzzäitparkplazen amenagéiert an d’Parkingen an der Stad moderniséiert, propper gehalen a mat genormte Behënnerteparkplazen equipéiert ginn.
Dat heitegt Parkingskonzept ass fir Kuerzzäitparker net attraktiv genuch, besonnesch fir déi Leit, déi an d’Stad akafe komme wëllen. Et feelt, am Verglach zu de groussen Akafszentre ronderëm d’Stad, un einfach accessibelen a gënschtege Parkplazen. Dofir wäert iwwerpréift ginn, ob ënnert engem Deel vum Glacis de Parking ausgebaut an de Glacis zu enger attraktiver, multifunktioneller an urbaner Plaz ëmgebaut ka ginn. De Glacis kéint esou amenagéiert ginn, datt anengems d’Fouer hir Plaz an der Stad behält an d’Awunner erëm vun der Plaz profitéiere kënnen.
- an Zukunft am Zentrum vun der Stad an an ëffentlechen, ënnerierdesche Parkingen oder Parkhaiser manner Parkplaze fir Leit, déi an d’Stad schaffe kommen, reservéiert ginn.
Dës Parkplaze sollen nees prioritär fir d’Kuerzzäitparken a fir d’Awunner aus dem Quartier disponibel sinn.
- de Parkplazeninformatiounssystem esou ausgebaut ginn, datt déi Leit, déi an der Strooss oder an engem Parkhaus eng fräi Plaz sichen, déi néideg Informatiounen op hiren Handy oder op hiren GPS geschéckt kréien an esou um direkteste Wee op déi fräi Plaze guidéiert ginn.
- nei Park&Riden fir de Beruffstrafic an der Stad a ronderëm d’Stad gebaut ginn.
- kleng residentiell Parkhaiser oder ënnerierdesch Parkingen an de méi zentrale Wunnquartieren (z.B. dem Belair, Lampertsbierg oder Bouneweg) gebaut ginn, fir den Awunner eng anstänneg Parkméiglechkeet, als Alternativ zum Stroosseraum, ze bidden.
An dëse Quartieren, wou, wéi a ville gréissere Stied, d’Plaz am Stroosseraum limitéiert ass, geet et drëms fir Plaz fir wichteg Velospisten ze gewannen ouni datt d’Awunner dofir mussen (ouni Ersatz) op Parkplazen an hirem Quartier verzichten. Kombinéiert mam Amenagéiere vun enger limitéierter Zuel vun Kuerzzäitparkplaze laanscht d’Strooss, loossen sech esou op deene Plazen, wou et méi enk ass, sécher Velospisten amenagéieren, déi dës Wunnquartieren endlech anstänneg un de Velosréseau vun der Stad ubannen.
Mat der CSV wäert(-en) fir d’Persounen à mobilité réduite:
- déi verschidde Mobilitéitsformen och hir Besoinë respektéieren, andeems et z.B. an alle Transportmëttelen an op alle Bus- an Tramslinnen adaptéiert Material disponibel ass.
- d’Chauffere vum ëffentlechen Transport eng Formatioun kréien, fir datt si behënnertegerecht Material och richteg benotzen an esou deene betraffene Persoune besser hëllefe kënnen.
- d’ëffentlech Parkingen un d’Besoinë vun de Persounen à mobilité réduite ugepasst ginn, andeems z.B. d’Parkplaze mat 3mol5 Meter behënnertekonform gemaach ginn, fir datt déi betraffe Leit flaach aus hirem Auto klamme kënnen.
- d’Trottoiren hiere Besoinë ugepasst an d’Benotze vun de Velospiste kloer reglementéiert ginn.
- en Adapto Transportservice och disponibel gi fir op d’Aarbecht gefouert ze ginn.
100% Engagement fir onser Jugend a jonke Familljen een Doheem ze ginn.
Ons Stad ass mënschefrëndlech, wann och ons Jugend a jonk Famillje weider hei wunne bleiwe kënnen. Anengems erlaben déi héich Präisser um fräie Maart ville vun ons et net méi eng Wunneng ze kafen oder ze lounen.
D’Stad muss dofir hir sozial Verantwortong iwwerhuelen a selwer vill méi aktiv ginn. De Bau vu Wunnenge kann net méi quasi eleng dem private Maart iwwerlooss ginn.
Mat der CSV wäert(-en):
- d’Stad selwer vill méi Wunnenge baue wéi bis elo.
De Bau vu neie Wunnenge gëtt an den nächste 6 Joer eng absolut Prioritéit vun der Stad. Déi Wunnenge ginn zu engem abordabele Präis verlount (sozial Mietwunnengen) oder verkaft (subventionnéiert Wunnengen).
D’Stad gëtt “maître d’ouvrage” (Bauhär) vun dëse Wunnengsprojeten an iwwerhëllt esou hir Verantwortung a sozial Funktioun als “promoteur public”. Fir dës Wunnengen ze plangen, ze bauen an ze finanzéieren, kann d’Stad sech op hir kompetent Servicer an hir finanziell Reserve stäipen.
Anengems wäert d’Stad déi staatlech Hëllefe vum Gesetz “Pacte logement” an dem Gesetz “Aide au logement”, konsequent notzen. Wéi all aner Gemeng kann d’Stad hei z.B. tëschent 50% an 75% vun de Käschte fir de Bau vu Wunnenge vum Staat zeréckbezuelt kréien an de “bail emphytéotique”, den “droit de superficie” an den “droit de prééemption” notzen.
- d’Stad nei Terrainë kafe fir selwer Wunnenge kënnen ze bauen.
D’Stad wäert nei Terrainë kafen, déi am Bauperimeter,dee besteet, leien oder un de Perimeter grenzen an hei gréisser Wunnengsprojetë plangen a réaliséieren.
Nei Terrainë wäerten och iwwert d’Erschléissong vun neiem Bauland (PAP-NQ) kaaft ginn. Hei kann d’Stad z.B. zesumme mat deenen anere Proprietairen ee “remembrement urbain” maachen an an deem Kader zu engem festgesate Präis op mannst 10% vun Terrainen (Gesetz Pacte Logement) kafen a selwer Wunnengen drop bauen.
Anengems ginn och weider Baulücken a Wunnengen, déi et elo scho ginn, kaaft. Dës ginn da bebaut respektiv zu soziale Mietwunnengen ëm- an ausgebaut.
- nei Wunnenge prioritaire op deene grousse Fläche gebaut ginn, déi et an der Stad nach gëtt (um Kierchbierg, am Westen vu der Stad).
Hei ginn nei Quartierë mat engem méi urbanen an nohaltege Wunne geschafen. Mat allen Infrastrukturen, Strukturen an Equipementer, déi dozou gehéieren.
Een neien Ecoquartier, mat vill neie Wunnengen a mat der néideger sozialer a funktioneller Mixitéit, wäert an der Verlängerong vun der “Porte de Hollerich” (a kloer vun Zéisseng getrennt) gebaut ginn.
Dësen Ecoquartier wäert sech un deenen héchsten, internationale Standarden a Punkto CO2 Neutralitéit, Baumaterialien, Modelsplit, Offallgestioun a Recycling orientéieren an nei urbanistesch an architektonesch Akkzenter an der Stad setzen. D’urban Ecologie an innovativ Approchen (energetesch zoue Systemer, “circular economy”, “urban gardening”, begréngte Fassaden, …) wäerten am Mëttelpunkt stoen.
- déi Quartieren, déi bestinn, méi moderat wuesse fir hir Liewensqualitéit ze erhalen.
D’Quartieren, déi sech an de leschte Joere besonnesch dynamesch entwéckelt hunn a wou et net méi vill fräi a gréng Plaze gëtt, wäerte manner séier wuessen.
Där aktueller Verkéierssituatioun gëtt Rechnung gedroen, fir de Wunnengsbau net a Quartierë virunzedreiwen, déi elo schon am Verkéier ënnerginn.
D’Baulückepolitik huet hir Limiten: eng ze grouss Noverdichtung a Quartieren, déi bestinn, setzt d’Liewensqualitéit op d’Spill.
- déi urban Entwécklung sech an de Bestand vun den eenzelen Quartieren harmonesch integréieren a prioritär op eng héich Wunnqualitéit gesat ginn.
Ee Quartier vun der Stad soll schon eng méi héich Densitéit vu Wunnengen hunn, mä net wéi dat an internationale Groussstied de Fall ass. Et wäert festgehale ginn um bewäerte Modell vun enger gudder Mëschung aus Reienhaiser a klengen bis mëttelgrousse Residenzen (z.B. ewéi um Lampertsbierg, Belair oder zu Bouneweg). Dëse Modell erlaabt eng Densitéit vu ronn 70 Wunnenge pro Hektar an déi néideg héich Liewensqualitéit, besonnesch fir Famillje mat Kanner.
Dëst verhënnert natierlech net , datt een a gréissere „quartiers mixtes“, a besonnesch a groussen neie Quartieren, wéi um Kierchbierg, am Ban de Gasperich, op der “Porte de Hollerich” oder och op der Gare, méi dicht a wéi an enger Groussstad baue kann (100-200 Wunnengen pro Hektar).
- d’Stad weider intensiv mat aneren ëffentleche Promoteuren zesummenschaffe fir méi abordabel Wunnengen um Territoire vun der Stad ze bauen.
D’Stad wäert zesumme mam Fonds de Logement, der Société nationale d’habitations bon marché (SNHBM) an dem Fonds d’urbanisation et d’aménagement du Kirchberg (FUAK) ee Plang opstelle fir de Bau vun abordabele Wunnenge fir déi nächste 15-20 Joer.
Hei gëtt sech net méi eleng op Baulücke konzentréiert, mä besonnesch op gréisser Terrainen, déi mam néidege soziale Mix urbaniséiert ginn, fir esou d’Baukäschte pro Wunnfläch ze reduzéieren.
Um Kierchbierg (mat Hëllef vum FUAK) an och um an ronderëm de Ban de Gasperich wäerte méi Wunnenge gebaut ginn. Hei ginn et zevill Aarbechtsplaze par rapport zu der Zuel vu Wunnengen.
- méi enk mat de Nopeschgemenge geschafft gi fir méi abordabel Wunnengen ze bauen.
Eng enk Zesummenaarbecht vun der Stad mat all hire Nopeschgemengen erlaabt um Niveau vun der Agglomeratioun Terrainë mobiliséiert ze kréien, déi eng eenzel Gemeng wuel net bebaue wäert.
Niewend dem Bau vu Wunnenge wäerten an Zukunft all d’Gemengen vun der Agglomeratioun vun der Stad Lëtzebuerg och an anere wichtege Beräicher (z.B. Mobilitéit, Aarbechtsplazen) méi zesummeschaffen an hir Entwécklong zesumme plangen a steieren.
- an de “zones mixtes” d’Zuel vu Wunnenge par rapport zu aneren Aktivitéiten (z.B. Aarbechtsplazen) an d’Luucht gesat ginn.
Hei geet den neie PAG net wäit genuch.
- de Plan d’aménagement général (PAG) vun der Stad an den nächste 6 Joer gezielt verbessert an ugepasst ginn.
Also net ewéi dat vum Gesetz virgeschriwwen ass, eréischt no 6 Joer. D’Entwécklong an den Territoire vun der Stad sinn ze grouss fir de PAG just eemol all 6 Joer op de Leescht ze huelen.
Bannent de 6 Joer de PAG méi dacks punktuell unzepassen, erlaabt de Gemengeservicer hir Aarbecht besser anzedeelen a gëtt der Gemeng méi Zäit fir op den Awunner hir konkret Reklamatiounen a Virschléi ze lauschteren an anzegoen. Nëmme mat dëser Approche kann der séierer Entwécklong vun der Stad besser Rechnung gedroen an fir déi néideg urbanistesch Kohärenz gesuergt ginn. Eng mënschefrëndlech Stad setzt sech net iwwert de Kapp vun den Awunner ewech, mee schafft mat hinnen zesummen.
- bei all gréissere Lotissement de Besoin u wichtegen Infrastrukture scho virdrun an engem Bauprogramm festgeluecht a geplangt ginn (z.B. Crèchen, Schoulen, Spillplazen, Jugendhaiser, klenge Commerce).
Anengems wäert d’Amenagéiere vu convivialen, ëffentleche Plaze prioritär behandelt an d’Accessibilitéit an d’Qualitéit vun der multimodaler Mobilitéit garantéiert ginn.
Een detailléierte Plang vun alle Strukturen an Equipementer, déi fir d’Awunner wichteg sinn, erlaabt am viraus ze gesinn, wat, wou, ënner wei enge Konditiounen an Zukunft gebraucht gëtt. D’Finanze vun der Stad ginn esou net onnéideg belaascht an d’Liewensqualitéit an d’Qualitéit vun der Mobilitéit an de Quartierë gi garantéiert.
- wa Wunnenge gebaut ginn, d’Koordinatioun vun de Chantierë verbessert ginn, fir datt et an deem concernéierte Quartier net zu enger onnéideger Belaschtung vun der Liewensqualitéit an dem Verkéier kënnt.
- de Bau vu behënnertegerechte Wunnengen an d’construction préventive ënnerstëtzt ginn, andeems d’Stad dofir suergt, datt bei neie Appartementshaiser, déi néideg Mesuren an de Cahier des Charges komme mussen, sou wéi dat gesetzlech gereegelt soll ginn.
100% Engagement fir eng attraktiv Aarbechtsplaz.
Ons Stad ass mënschefrëndlech, wa si weider national an international eng attraktiv Plaz fir ze schaffen ass.
An engems soll dëst awer am Respekt vun der Liewens- a Wunnqualitéit an der Stad geschéien. Dofir musse vill méi Leit, déi an der Stad schaffen, och do wunnen.
Ons Stad brauch eng breed wirtschaftlech Offer: niewend dem Déngschtleeschtungssecteur ronderëm d’Finanzplaz, de grousse staatlechen an europäeschen Institutiounen, mussen och méi kléng a mëttelgrouss Entreprisen eng Plaz an der Stad hunn. A ganz besonnesch nei, kreativ an innovativ Start-upen.
Fir d’Liewensqualitéit an de Quartieren ze garantéieren, sollen nei Aarbechtsplazen haaptsächlech an den aktuelle wirtschaftlechen Entwécklungszentre vun der Stad entstoen (Kierchbierg, Uewerstad, Gare, Hollerech, Cloche d’Or a Ban de Gasperich). Dës Plaze mussen an Zukunft nach besser un den ëffentlechen Transport ugebonne ginn.
Mat der CSV wäert(-en):
- eng nei consultativ Gemengecommissioun “Wirtschaft” geschafe ginn.
Dës nei Gemengecommissioun beréit d’Stad ënnert anerem wéi si sech, am Respekt vun der Liewens- a Wunnqualitéit, als Wirtschaftsplaz weiderentwéckele kann (z.B. iwwert de Wee vu Promotioun, Steierpolitik, neien Initiativen).
- nei Aarbechtsplazen duerch d’Ënnerstëtze vu Start-Upen geschafe ginn.
Dat aalt Schluechthaus zu Hollerech wäert vun der Stad an ee Site fir kreativ an innovativ Start-Upen verwandelt gi mat gënschtege Bureauen, Co-Workingréim, Reuniouns- a Konferenzsäll.
- dofir gesuergt ginn, datt artisanal a liicht industriell Entreprisen, déi an der Stad Lëtzebuerg leien, all gutt ze erreeche sinn.
Doduerch soll verhënnert ginn, datt dës Entreprisen een nom aneren aus der Stad op déi gréng Wiss plënneren. Dofir ginn och Aktivitéitszonen an hir Offer u Bureausplazen op de Leescht geholl.
Klassesch Aktivitéitszone solle fir Net-Büreausentreprise reservéiert ginn (z.B. fir den Artisanat), fir ze verhënneren, datt si an eng hoffnungslos Präiskonkurrenz mat Bürosentreprise geroden a gezwonge ginn aus der Stad ze plënneren.
Dofir wäert nach méi enk mat de Nopeschgemengen zesummegeschafft gi fir z.B. hannert dem Märeler Kierfecht a laanscht dee geplangte Boulevard de Merl eng grouss, modern a gutt un de Verkéier ugeschlosse regional Aktivitéitszone fir dës Zort vun Entreprisen z’amenagéieren.
- den ambitiéise Projet vum Iwwerdaache vun der Gare centrale nach eng Kéier op de Leescht geholl ginn.
Dat besonnesch am Kader vum Amenagement vun den neien, supplementäre Quaien. Dëse Projet géif de Garer Quartier net nëmmen harmonesch mat Bouneweeg verbannen, béid Quartieren urbanistesch revaleuriséieren, mä hei kéint och eng héich Densitéit un Aarbechtsplazen entstoen.
- fir déi wirtschaftlech Konkurrenz am Sënn vun enger gesonder an intelligenter Landes- a Verkéiersplanung ze begleeden, méi enk mat den Nopeschgemenge vun der Stad zesummengeschafft ginn.
Déi fräiwëlleg Zesummenaarbecht op Basis vun de “Conventions Etat-communes”, wéi zB. der sougenannter “DICI-Conventioun” am Südwesten vun der Stad, gëtt ausgebaut a strukturell op ee méi fest Fundament gestallt.
Dofir gëtt ee Syndicat à vocation multiple mat de Nopeschgemenge geschafe fir d’Agglomeratioun vun der Stad um Niveau vun der Landesplanong an der Mobilitéit zesummen, effikass z’entwéckelen an déi duerch d’Konkurrenz bedéngten, kontraproduktiv Niewewierkungen, op e Minimum ze reduzéieren.
- an Zukunft an de Wunnquartieren nëmme nach Aarbechsplazen entstoen, déi un de Quartier gebonne sinn an déi net op d’Käschte vun der Liewensqualitéit ginn.
- fir behënnert Matbierger d’Accessibilitéit op der Aarbecht duerch systematesch behënnertegerecht Mesuren an de Bürosgebaier verbessert ginn.
Accessibel Parkplazen, Toiletten a Büroë mussen op der Aarbechtsplaz geschafe ginn. Och d’Fluchtweeër an den Bürosgebäier musse behënnertegerecht gemaach ginn.
100% Engagement fir eng Stad, déi jidderengem vun ons eng héich Liewensqualitéit bitt.
Ons Stad ass mënschefrëndlech, wa si jdderengem vun ons eng héich Liewesqualitéit bitt. Ob jonk oder manner jonk, op Lëtzebuerger oder Net-Lëtzebuerger.
An onser Stad musse mir zesummenhalen, ons integréieren a harmonesch zesummenliewe kënnen.
Mat der CSV wäert(-en) fir ons Kanner:
- genuch Plazen an de Foyer scolaire fir déijeeneg do sinn, déi gäre vun dëser Offer profitéiere wëllen.
- de Besoin un neie Schoul- a Betreiungsstrukturen (Crèchen, Maisons-relais, Foyeren) am viraus geplangt an déi Infrastrukturen, déi et elo scho ginn (an do wou et néideg ass), moderniséiert a vergréissert ginn.
Bei all neiem a gréissere Wunnengsprojet ginn dës wichteg Strukture mat ageplangt, déi néideg Terrainen dofir reservéiert an dofir gesuergt, datt si sécher a fir jidder Bierger accessibel sinn.
- effektiv eppes géint de Mobbing an de Schoule gemaach ginn, andeems d’Stad z.B. ee Service vu Mediateuren ubitt.
- d’Zesummenaarbecht tëschent de Stadter Veräiner an de Betreiungsstrukture verbessert ginn.
D’Kanner aus dëse Strukture sollen an onse Veräiner sportlech a kulturell aktiv kënne sinn an hir Eltere gehollef kréie fir d’Potentialer an d’Talenter vun hire Kanner besser kennenzeléieren.
Dofir wäert ee Sport- a Kulturbus agefouert ginn, fir datt déi Kanner, onofhängeg vun de Méiglechkeete vun hiren Elteren, Sport maachen oder bei kulturellen Aktivitéite matmaache kënnen.
- d’Schoulhäff esou amenagéiert ginn, datt d’Kanner aus dem Quartier si benotze kënnen, och wa keng Schoul ass.
D’Kanner sollen direkt matagebonne ginn, wa Schoulhäff a Spillplaze geplangt oder de Schoulwee nei amenagéiert ginn. Och déi lokal Interesseveräiner wäerte gehéiert ginn.
- an all Quartier eng Spillplaz ginn, wou all d’Kanner, egal wéi een Alter si hunn, spille kënnen.
- all d’Spillplazen an der Stad propper gehalen a bei all gréisser Spillplaz ëffentlech Toilette gebaut ginn.
- op all gréisserer Spillplaz an am Schoulhaf eng Plaz ginn, wou déi kleng Kanner ënnerdaach spille kënnen.
- an der Stad ob mannst op enger Plaz eng grouss Spillplaz gebaut ginn, déi ënnerdaach ass.
- et an all Quartier op mannst eng Spillstrooss amenagéiert ginn.
- de Wee fir an d’Schoul an den ëffentleche Raum ronderëm d’Schoul méi sécher gemaach ginn.
Ee Pedibus wäert agefouert a ronderëm d’Schoulen d’Stroosse besser beliicht a méi Agents municipaux agesat ginn.
Mat der CSV wäert(-en) fir ons Jonker:
- all gréissere Quartier ee Jugendhaus kréien.
- an alle Quartieren Terrains-multisports a kleng, flott amenagéiert Plaze ginn, wou déi Jonk sech treffen an dobaussen eppes zesummen ënnerhuele kënnen.
- de Konzept vun der Mini-Entreprise fir Jonker an d’Entrepreneuriat/d’Artisanat duerch eng Gemengeplattform ënnerstëtzt ginn (z.B. Reimlechkeeten, Coaching, asw.).
- ee Jugendgemengerot agefouert ginn.
Mat der CSV wäert(-en) fir ons eeler Matbierger:
- multigenerationnellt Wunnen an der Stad ënnerstëtzt ginn.
- bei de “PAP nouveau quartier” dofir gesuergt ginn, datt Wunnenge gebaut ginn déi esou amenagéiert ginn (construction préventive), datt mir esou laang, ewéi nëmme méiglech, selbststänneg an onsen eegene véier Mauere liewe kënnen.
- méi betreite Wunnenge gebaut ginn.
- Sportaktivitéite fir am Alter fit ze bleiwen weider ënnerstëtzt ginn.
- an e puer Quartieren een Pilotprojet an Zesummenaarbecht mat den Altersheemer gemaach ginn, fir datt d’Awunner aus dem Quartier an d’eeler Leit aus den Heemer zesummen eppes ënnerhuele kënnen (z.B. zesummen zu Mëtteg iessen, sech austauschen asw.).
- Computer- a Smartphonecoursë fir eeler Leit ugebuede ginn.
Mat der CSV wäert(-en) fir ons auslännesch Matbierger:
- nei auslännesch Matbierger informéiert ginn, wou si sech an deenen eenzele Quartieren engagéiere kënnen an hinnen anengems gratis lëtzebuergesch Coursen ugebuede ginn, déi relativ flexibel kënne geholl ginn.
- ee parrainage linguistique agefouert ginn, wou Awunner, déi Lëtzebuergesch schwätzen, sech fräiwëlleg op eng Lëscht schreiwe kënnen, déi vun der Stad verëffentlecht gëtt.
Awunner, déi gäre Lëtzebuergesch léiere wëllen, kënne sech dann bei deene Awuner, déi op der Lëscht stinn, melle fir zesumme mat hinnen Aktivitéiten ze ënnerhuelen, anengems Lëtzebuergesch ze léieren an d’Liewen, ewéi d’Leit an der Stad besser kennenzeléieren.
- « Potercaféë » geschafe ginn, also Plazen, wou déi Awunner, déi Lëtzebuergesch geléiert hunn oder déi am gaange sinn et ze léieren, d’Geleeënheet kréien, fir Lëtzebuergesch ze schwätzen.
- de Veräiner gratis Iwwersetzungsméiglechkeeten ugebuede ginn, fir datt d’auslännesch Matbierger besser an hir Aktivitéite mat agebonne ginn.
De gesellege Kader vu Veräinsaktivitéite soll och genotzt ginn, fir mat auslännesche Matbierger Lëtzebuergesch ze schwätzen an et hinnen doduercher ze erlaben, sech méi séier ze integréieren.
- déi auslännesch Matbierger och tëschent de Wahlen motivéiert gi bei de Wale matzemaachen a sech als Wieler anzeschreiwen.
D’Stad wäert juristesch préiwe loossen, ob ee System vun enger provisorescher Aschreiwong vun den auslännesche Matbierger op d’Wahllëschte kann agefouert ginn.
Duerch esou e System géifen d’Net-Lëtzebuerger, déi d’Konditiounen dofir erfëllen, automatesch op d’Wielerlëscht agedroe ginn, ouni datt si dofir extra administrativ Demarche maache mussen.
Eréischt am Moment, wou si an de Wahlbureau komme fir hir Stëmm ofzeginn, géif d’Aschreiwong op d’Wahllëscht validéiert ginn an déi domadder verbonne Wahlflicht vun deem Moment un zielen.
Mat der CSV wäert(-en) fir méi geliewten Inklusioun:
- an den Quartierë ”Quartiersstuffe” geschafe ginn, wou d’Awunner sech kenneléiere kënnen.
D’Quartiersstuffe solle fir d’Awunner aus dem Quartier eng Plaz sinn, wou si sech treffe kënnen, matenee schwätzen an Aktivitéiten organiséiere kënnen.
D’Quartiersstuffe kënnen och vun den Interesserveräiner benotzt gi fir mat den Awunner aus dem Quartier a Kontakt ze kommen an zesummen iwwert d’Uleies vun den eenzele Quartieren ze diskutéieren.
D’Quartiersstuffe bidden och eng gutt Geleeënheet, fir datt lëtzebuerger an netlëtzebuerger Awunner sech kenne léieren.
- reegelméisseg ee “Quartierstour” organiséiert ginn, wou déi interesséiert Awunner Propose maache kënne fir d’Liewen an hirem Quartier ze verbesseren.
- an deene Quartieren, wou d’sozial Inklusioun besonnesch wichteg ass, d’Quartiersaarbecht kombinéiert gëtt mat enger Offer u Kannerbetreiung, Eltereberodung an enger Begleedung vu Jonken duerch d’Streetworkers.
100% Engagement fir lieweg Quartierë mat attraktiven ëffentleche Plazen.
Ons Stad ass mënschefrëndlech, wa si ons de Kader fir e richtegt Zesummeliewe gëtt. Eng eegen Identitéit an ee besonnesche Flair huet. Si kenger anerer Stad gläicht, mä eenzegaarteg bleift.
Mat liewege Quartieren an attraktiven ëffentleche Plazen. Quartierë mat Charme a Charakter. Quartieren, wou mir ons wuelspieren, ob jonk oder al, an déi ons an onser Diversitéit zesummebréngen. Quartierë mat ëffentleche Plazen, wou mir ons begéinen a mir onst Liewe mateneen deele kënnen. Plazen, wou no bei ons, kleng Butteker an de Café um Eck iwwerliewe kënnen. Schéin, propper Parken, wou mir ons entspaanen an ons Fräizäit verbrénge kënnen. An een historesche Baupatrimoine, dee geschützt an net ofgerappt gëtt.
Mat der CSV wäert(-en):
- een Investitiounsplang gemaach gi fir zesumme mat den Awunner, an alle Quartieren an am Stadzentrum, déi ëffentlech Plazen no an no méi attraktiv a convival z’amenagéieren.
- all Quartier eng zentral Plaz kréien.
- de Péitrussdall an déi grouss Parken an der Stad renovéiert an a flott Fräizäitplaze verwandelt ginn (mat z.B. Spill- a Sportsplazen, Marionettentheater, Carrousel, Kloterpark, Kiosken, Botanesche Gaart, am Summer eng Plage).
- eng oppe Schwämm an der Stad gebaut ginn (z.B. tëschent dem neie Futtballstadioun an der Kockelscheier).
- ee Fréijoersfest mat engem Blummeconcours organiséiert gi bei deem d’Awunner invitéiert ginn hir Haiser an hir Strooss ze dekoréieren, wou si selwer zum kreative Gestalter ginn.
Dëst Fest wäert all Joers ëm en anere Sujet goen a wier all Joers an engem anere Quartier vun der Stad. Esou en Evenement géif ons Quartieren net nëmme méi schéi maachen, mä och d’Awunner beienee bréngen.
- den ëffentleche Raum méi accessibel gemaach ginn (mat z.B. méi behënnertegerechten Toiletten, méi Rampen a méi “shared space”).
- ee Maximum vun historesch wäertvolle Stroossen, Plazen, Gebaier an Haiser geschützt ginn an dat mat alle Mëttelen, déi de PAG dofir bitt (ensembles sensibles; secteurs protégés du type environnement construit) an duerch intensiv a pro-aktiv Zesummenaarbecht mat Sites et Monuments.
D’Prozedur, fir Gebaier kommunal ze schützen, muss däitlech méi kohärent wéi bis elo, vu genuch Fachpersonal ëmgesat an vun engem Comité aus Vertrieder och aus der Zivilgesellschaft (z.B. Geschichtsfrënn vu verschiddene Quartieren) an Experten, begleet ginn.
Besonnesch wichteg ass et hei zesumme mat den Proprietären ze schaffen a si fir d’Protektioun vun hire Gebaier ze sensibiliséieren – an och fir si drop opmierksam ze maachen, wat fir een historesche Wäert hir Gebaier hunn. Doriwwer eraus sollen d`Propriétären souwuel op déi praktesch, wéi och op déi finanziell Hëllef, déi hinnen zousteet, opmierksam gemaach ginn. Esou soll eng richteg “culture de la protection du patrimoine” ënnerstëtzt ginn.
Den Inventaire iwwer de patrimoine bâti, dee well besteet, muss endlech publizéiert a verbreed ginn, fir aus dem subjetkive Schutz vun elo, endlech eng transparent a kloer Prozedur ze maachen.
Och déi Gebaier, déi net just ee kommunalen/urbanistesche Schutz verdéngen, mä esouguer national derwäert si geschützt ze ginn (z.B. d’Kathedral, de Palais Grand-ducal, d’Wichtelhaus zu Beggen, d’Maison Bourg-Gemen um Lampertsbierg asw.) wëlle mir a kuerzer Zäit national protegéiere loossen.
Dofir wäert d’Stad sech um nationale Niveau dofir asetzen, datt Lëtzebuerg endlech ee Gesetz kritt, dat de nationalen a kommunale Patrimoine schützt an och de Gemengen een Initiativrecht gëtt.
- am Bautereglement kloer Regele festgeluecht ginn, fir datt déi verschidde Stroossen an der Stad harmonesch ausgesinn an d’Identitéit vun den Quartieren erhale bleift.
- den ëffentleche Raum vum UNESCO-Site vun der Stad (d’Festong an déi historesch Quartieren) an Zesummenaarbecht mat de responsable Ministären, esou amenagéiert ginn, datt e senger historescher Valeur gerecht gëtt.
Dozou gehéiert eng Charte, déi festleet, wéi d’Stroossemiwwelen (“mobilier urbain”), d’Stroosseschëlter an déi technesch Installatiounen harmonesch an den historesche Site integréiert kënne ginn.
Eng Persoun (site manager) wäert responsabel gi fir d’Interventioune vun deenen verschiddenen Acteuren (Stad a Staat) ze koordinéieren.
100% Engagement fir méi Hëllef a Sécherheet.
Ons Stad ass mënschefrëndlech wa bei ons Solidaritéit a Respekt zielen. Béides muss gestäipt a geschützt ginn. Jidder Mënsch huet eng Dignitéit, ee Recht op ee wierdegt, autonomt a séchert Liewen.
Mat der CSV wäert(-en) fir déi vun ons, déi Hëllef brauchen:
- eng eenzeg Kontakt- a Koordinatiounsplaz geschafe ginn.
Esou eng Plaz kann an de verschiddenste Situatioune hëllefen ewéi z.B. bei administrativen Demarchë fir eng Wunneng oder den RMG ze kréien.
Dës Kontakt- a Koordinatiounsplaz wäert esou organiséiert ginn, datt déi vun ons, déi Hëllef brauchen, an hiren Demarchen begleed an encadréiert gi fir z’evitéieren, datt se sech eleng spieren an ze séier decouragéiert ginn.
- nom “Housing first”-Modell dofir gesuergt ginn, datt déi vun ons, déi keen Dach iwwert dem Kapp hunn, eng eege Wunneng fannen ouni fir d’éischt mussen an eng vun deene verschiddenen temporären a kollektive Wunnstrukturen ze goen (ewéi z.B. Nuetsquartieren).
Déijeeneg vun ons, déi an esou enger Wunneg liewen, wäerte vun Ufank un encadréiert a bei hiren alldéiglechen Demarchë begleed ginn.
- d’Wunn- a Hëllefsstrukure méi dezentraliséiert an iwwert Stad, op méi kleng Unitéiten, verdeelt ginn.
Eng “Gettoiséierung” vu soziale Problemer gëtt esou evitéiert an d’Mobilitéit vun de betraffene Persounen ënnerstëtzt. Méi kleng Strukture bidden hinnen och eng méi grouss Privatsphär a méi Sécherheet.
- Wunnengen, déi eidel stinn an déi der Stad gehéieren, prioritär un déijeeneg vun ons goen déi an Nout sinn.
An deem selwechte Kontext gëtt dofir gesuergt, datt an all Quartier, an net just konzentréiert op e puer Plazen, Sozialwunnengen zur Verfügung sti fir esou déi néideg sozial Mixitéit ze garantéieren an d’Integratioun an deenen eenzelen Quartieren z’ënnerstëtzen.
- sech mat anere Gemenge verstäerkt concertéiert an Ënnerstëtzung (ewéi Berodung, Erfahrungsaustausch …) ugebuede gi fir am Land nach aner Nuetsfoyeren, Fixerstuffen a Streetworkservicer ze schafen an esou eng méi dezentral Offer vun Hëllefsstrukturen ze kréien.
- d’Stad allgemengnëtzlech Aarbecht zesumme mat engem Encadrement vun Sozialaarbechter ubidden.
- de Streetworkservicer weider ausgebaut an d’Zesummenaarbecht vun allen Akteurë gestäerkt ginn.
- d’Ëmsëtzong vum Sozialplang vun der Stad all Joers evaluéiert an ee Koordinéierungsplang fir déi sozial Servicer gemaach ginn.
- een “Office vum Benevolat” geschafe gi fir de soziale (an anere) Benevolat duerch gezielt Aktiounen ze promouvéieren an den néidegen Encadrement unzebidden (ewéi z.B. Formatiounen a Begleedung).
Mat der CSV wäert(-en) fir ons Sécherheet:
- an de Quartierë weider eng staark Präsenz vun der Police ginn, sief dat um Niveau vun de “commissariats de proximité” oder duerch regelméisseg Patrullen.
D’Stad wäert sech um nationale Niveau dofir asetzen, datt et an der Stad genuch Poliziste ginn an zesumme mat der Police kucken, datt d’ “commissariats de proximité” fir d’Awunner attraktiv Ëffnongszäiten hunn.
- d’”agents municipaux” méi Kompetenze kréien an z.B. an Zukunft Infraktioune géint Gemengereglementer feststellen an administrativ Strofe kënne ginn.
D’Beamte wäerte fir dës nei Kompetenzen eng Formatioun kréien.
- d’Stad sech um nationale Niveau dofir asetzen, datt d’Police d’Recht kritt mat engem “Platzverweis” op Verstéiss géint déi ëffentlech Uerdnung ze reagéieren.
Mat dëser Mesure kritt d’Police eng Méiglechkeet, fir am ëffentleche Raum fir géigesäitege Respekt, Rou a Sécherheet ze suergen.
- präventiv Mesurë vun der Police ënnerstëtzen.
z.B. Informatiounen iwwert wéi ee säin Doheem am beschte géint Abrech schützen oder der Police Bescheed soe kann, wann een an d’Vakanz fiert.
- eng Enquête bei den Awunner vun der Stad gemaach ginn, fir gewuer ze gi wat fir si déi Plazen an der Stad sinn, wou si sech net sécher spieren.
Dës Enquête soll der Stad hëllefe fir punktuell Mesuren ze ergräife wéi z.B. eng besser Beliichtung oder en Reamenagement vun de concernéierte Plazen.
- d’Videosurveillance op Plazen, wou et Sënn mécht, ausgebaut gëtt.
z.B. och deen ënneschten Deel vum Stadter Park ronderëm déi grouss Spillplaz oder d’Garer Schoul/d’Stroosbuerger Plaz.
- d’Stad sech um nationale Niveau dofir asetzen, datt d’Police mat anere Länner zesummeschafft fir organiséiert kriminell Banden ze bekämpfen.
z.B. méi mat der rumänescher Police wéinst den organiséierte rumäneschen Heescherbanden.
- d’Stad dofir suergen, datt all gréissert Evenement gutt geschützt an d’Accèsë barricadéiert ginn.
- den Accès zu de Foussgängerzonen an der Stad mat beweegleche Barrièren (Bornen) zougemaach ginn.
- gezielt kleng privat Initiativen ënnerstëtzt ginn (wéi z.B. Quartiers- oder Nopeschfester), déi fir manner Anonymitéit a méi Solidaritéit tëschent Nopere suergen.
Dëst stäerkt d’Liewensqualitéit an d’Sécherheetsgefill. D’Quartiersstuffe sinn een anert Mëttel fir d’Solidaritéit an d’Sécherheet tëschent Noperen ze stäerken.
- onsécher Plazen, nei amenagéiert, propper gehalen a besser beliicht ginn.
- op geeegnete Plazen Noutfallbornen (mat Defibrilator, Noutfallruf, …) installéiert ginn.
100% Engagement fir eng dynamesch a kreativ Geschäftswelt.
Ons Stad ass mënschefrëndlech, wa si ons mat deem versuergt wat mir am Alldag fir ze liewe brauchen. An onser Stad muss et dofir eng breed Offer vu Butteker a Servicer ginn. D’CSV wäert sech fir eng lieweg Geschäftswelt engagéieren. Am Stadzentrum an awer och nees an de Quartieren.
Mat der CSV wäert(-en):
- d’Stad sech um nationale Niveau dofir asetzen, datt d’Gemengen ee kommerziellt Virkafsrecht kréien, fir ze verhënneren, datt dee klenge Commerce verschwënnt (Epicerien, Metzler, Bäcker, Zäitongsbutteker…).
Mécht ee klenge Commerce zou, dann huet d’Stad d’Recht fir als éischt de Kontrakt oder de Geschäftsfong ze iwwerhuelen. Duerno gëtt si deen nees un ee klenge Commerce weider.
- den onofhängege Geschäftsleit sech d’Méiglechkeet bidden, no kloer festgeluechte Critèren, déi Lokaler, déi an der Hand vun der Stad sinn, zu engem gerechte Loyer ze kréien.
D’Stad wäert weider Geschäftsfläche kafe fir si weider ze verlounen an esou fir eng breed an interessant Offer ze suergen.
- op der Theaterplaz eng Maart- respektiv Iessenshal (Foodhall) bauen, fir d’Geschäftsoffer an der Uewerstad méi grouss ze maachen.
An dëser Hal wäerten d’Verkafsstänn zu engem gerechte Loyer, prioritär un innovativ a kreativ Geschäftsoffere goen.
- eng grouss Haaptakafsstrooss amenagéiert ginn, déi d’Häerz vun der Stadter Geschäftswelt soll ginn.
Esou eng laangezunnen Akafsstrooss kéint z.B. mat Hëllef vu visuelle Mëttelen, ewéi Fändelen oder Luuchten oder engem spezielle Buedem, realiséiert ginn. Dës Haaptakafsstrooss géif d’Attraktivitéit vun der Stad als Akafszentrum vun der Groussregioun stäerken a kéint z.B. vum Royal Hamilius aus duerch d’Groussgaass, d’Rue du Fossé, iwwert d’Place Clairefontaine, duerch d’Rue du Saint-Esprit, laanscht Geriicht, iwwert d’al Bréck, duerch d’al Avenue bis op d’Gare goen.
- op der Online-App vun der Stad eng Säit ginn, wou déi verschidde Commercë sech (pro Quartier) virstelle kënnen.
- eng kohärent Kommunikatioun iwwert d’Ëffnongszäiten agefouert ginn, fir datt gewosst ass, wéini a bis wéi vill Auer d’Geschäfter an der Stad op hunn.
An deem Kontext ass et besonnesch wichteg, datt besser iwwert d’verkafsoppe Sonndeger an der Stad kommunizéiert gëtt.
- d’Geschäftsleit, wa Chantieren oder grouss Evenementer sinn (ewéi z.B. Lafcoursen, Staatsvisiten…), besser informéiert ginn an d’Clienten visuell méi däitlech gewise kréien, wéi eng Butteker während den Aarbechten oder Evenementer op sinn.
- d’Parkingen an der Stad moderniséiert a méi attraktiv gemaach ginn.
D’Parken an der Stad wäert Samschdes an op verkafsoppene Sonndeger méi bëlleg gemaach ginn.
- an de Stadter Parken eng Rei Kiosken opgestallt ginn, wou een eppes fir ze liesen oder z’iesse ze kafe kritt.
100% Engagement fir Innovatioun a méi Matbestëmmung.
Ons Stad ass mënschefrëndlech, wa si ons an Zukunft d’Liewen an d’Zesummeliewe méi einfach mécht. Si fonktionnéiert besser wa si ons méi direkt matabënnt.
Dozou gehéiert, datt d’Stad ons eng Rei innovativ Servicer ubitt. Dat och mat Hëllef vun den neie, digitalen Technologien.
Mat der CSV wäert(-en):
- fir d’éischt eng Strategie “Eng besser Stad” entwéckelt ginn, fir aus onser Stad Schrëtt fir Schrëtt eng vun deene mënschefrëndlechste Stied aus Europa ze maachen.
D’Strategie “Eng besser Stad” wäert ënnert der Autoritéit vun engem Scheffen entwéckelt ginn. Si wäert sech op déi ëffentlech a privat Acteure stäipen, déi elo schon an der Stad an am Land an deem Beräich schaffen. D’Ëmsetze vun där Strategie kann zu engem gudden Deel mat europäesche Sue finanzéiert ginn.
- d’Strategie “Eng besser Stad” de reelle Besoinë vun den Awunner aus der Stad entspriechen.
Dofir wäert no auslännesche Modeller eng Plaz geschafe ginn, wou interesséiert Bierger, Entreprisen, Fuerscher, Associatiounen, Politiker, Mataarbechter vun der Stad sech austauschen a gemeinsam nei Projeten a Servicer fir jidderee vun ons entwéckelen, respektiv teste kënnen.
Esou eng Plaz kéint um Site vum ale Schluechthaus zu Hollerech entstoen. Dee Site wäert zu engem partizipativen, innovativen a kreativen ëmgebaut ginn. Hei kéinten och gënschteg Bureauen, Co-Workingraim, Reuniouns- a Konferenzsäll entstoe fir Start-Upen a Entreprisen, déi partizipativ, innovativ oder kreativ Projeten entwéckele wëllen.
- de WiFi-Réseau vun der Stad, den HotCity um ganzen Territoire vun der Stad gratis disponibel ginn.
Iwwert den HotCity-Reseau wäerten déi nei entwéckelt, innovativ Servicer fir jidderee vun ons accessibel sinn.
- d’Strategie “Eng besser Stad“mat enger Rei konkrete Projeten ëmgesat ginn, déi weise wéi d’Stad an d’Zukunft d’Liewe vun ons all méi einfach a méi nohalteg maache kann.
Esou Projetë kéinten z.B. dës sinn:
- eng intelligent Mobilitéit (Parkingapp, Velosapp, Journey planner App …)
- eng intelligent Chantierskoordinatioun- an Informatioun
- Digital Begleedong fir eeler Matbierger
- Een Onlineforum, wou jidder interesséierten Awunner, d’Aarbechte vum Gemengerot matbestëmme kann (ewéi z.B. zu Reykjavik)
- méi administrativ Demarchë kënnen online gemaach an anengems d’Ëffnongszäite vum Biergerzenter méi flexibel gemaach ginn.
De Biergerzenter wäert an Zukunft Samschdesmoies an eng Kéier an der Woch méi laang owes op si fir deene vun ons, déi schaffen et z’erlaben hir administrativ Demarchë kënnen ze maachen.
100% Engagement fir ons Natur an Ëmwelt.
Ons Stad ass mënschefrëndlech, wa si ons Natur an Ëmwelt schützt. Eng Stad mat ville grénge Plazen, déi Energie spuert, hir Ëmwelt schount a respektéiert, ass eng Stad wou mir gutt a gesond liewe kënnen. Eng Stad vun där och déi nächst Generatiounen nach profitéiere kënnen.
Mat der CSV wäert(-en):
- d’Parken an déi gréng Plazen an der Stad nei amenagéiert a propper gehale ginn a weider nei Parken a gréng Plaze geschafe ginn.
D’Stadter Parke ginn zu flotten “lieux de rencontre” gemaach an déi verschidde gréng Ceinturë ginn erweidert a besser matenee verbonnen.
D’Gäert ginn an all hire Formen (Schriewergäert, Privatgäert an och déi kollektiv Gäert vu Residencen) ënnerstëtzt an op Terrainen, déi broch leien an der Stad gehéieren, gi städtesch Gäert (“urban gardening”) a Projetë realiséiert.
D’Stad wäert hir Gebaier méi gréng maachen (vertikel Gäert a Gäert um Daach) an esou Initiativen och bei private Gebaier ënnerstëtzen.
- besonnesch an deene scho méi dicht bewunnte Quartieren, déi nach lescht gréng Plazen bestoe bleiwen an fir d’Awunner en valeur gesat ginn.
- de Prinzip “lokal uplanzen, lokal iessen” (“grow local, buy local”) ënnerstëtzt ginn, andeems d’Stad fir de Besoin vun hire Strukturen a Servicer esou vill wéi méiglech bei de Geméisbaueren aus an ëm der Stad akeeft.
- een Ofwaasser, inklusiv Waasser dat vun de Stroossen ofleeft, ongekläert an d’Baachen oder d’Flëss, déi duerch Stad lafen, fléissen.
- d’Weeër duerch de Bësch (z.B. vu Clausen erop op den INS) net méi mat Salz, mee mat Sand gestreet ginn.
- no an no op méi Elektromobilitéit gesat gi well hei keng gëfteg Stéckoxyder an d’Loft geblose ginn.
- ëmweltfrëndlecht Liewen a Wunnen ënnerstëtzt ginn.
D’Awunner aus der Stad kréien, niewent den nationale Subside fir thermesch Solarinstallatiounen, der Sanéierung an der Renovatioun vun ale Wunnengen asw., nach finanziell Hëllefe vun der Gemeng bäi (Neibau an Albau).
- d’Reduktioun vum CO2, Steckoxyden an de Feinstaub eng Haaptprioritéit vun der Stad ginn.
Am Zentrum an an de Quartierë wäert d’Loftqualitéit regelméisseg kontrolléiert z.B. mat Hëllef vu Sensoren, déi op Stroosseluuchten installéiert ginn.
- d’Stad esou wéi aner europäesch Stied (z.B. Paräis), mat der europäescher Kommissioun eng Konventioun ënnerschreiwe fir op e puer Stroossentrançonen ee Macadamm ze testen, dee manner Kaméidi mécht an d’Loft killt (duerch manner Reiwong vun de Pneuen).
- de Verbrauch vun der Energie weider reduzéiert ginn.
Den Energieverbrauch vun deenen eenzelen Administratioune vun der Stad gëtt iwwerpréift a wa méiglech erofgesat. D’Entreprisen an der Stad gi besser informéiert, wéi si Energie spuere kënnen.
- weider Cogeneratiounsunitéitë gebaut ginn, fir datt d’Stad selwer méi Energie produzéiere kann.
D’Stad wäert déi néideg technesch Mesuren huelen (z.B. Smartmeter), fir datt och Appartementshaiser, Privathaiser an d’Ecoquartierë vun der Cogeneratioun profitéiere kënnen.
- d’Stad op Basis vum Solarkadaster proaktiv agéieren (z.B. bei den “Autorisation de bâtir”) an d’Bierger systematesch iwwer de Sënn an d’Potenzial vu solarthermeschen a photovoltaeschen Installatiounen op hiren Diecher informéieren.
- den aktuelle Recyclingcenter, wéi geplangt, duerch nei Recyclingcenteren am Westen an am Osten vun der Stad ersat ginn.
- et an alle Quartierë kleng Recyclingscontainerë ginn, déi am Buedem leien.
- un engem System geschafft gi fir de Recycling an den Appartementshaiser ze verbesseren.
- fir all Evenement an der Stad wou Gedrénks verkaaft gëtt, Consigne gefrot ginn.
- intelligent a spuersam Luuchten a Beliichtong agesat ginn.
- am Westen vun der Stad een Ecoquartier gebaut ginn (cf. Kapitel iwwert d’Wunnen) deen all méiglech, urban Emwëltaspekter respektéiert.
100% Engagement fir eng Stad, an där mir aktiv a kreativ kënne sinn.
Ons Stad ass mënschefrëndlech, wa mir sozial, kulturell a sportlech aktiv kënne sinn. Ons Stad muss dofir eng breet Offer vu modernen, kulturellen a sportleche Strukturen hunn. D’Aarbecht an d’Engagement vun de sëlleche Stadter Veräiner an hire ville Fräiwëllege muss ënnerstëtzt ginn.
Mat der CSV wäert(-en):
- de “Sport pour tous” weider ënnerstëtzt an d’Zesummenaarbecht mat de Veräiner gestäerkt ginn.
- D’Veräiner weider op Basis vun hiren Aktivitéiten, respektiv der Nowuessaarbecht, finanziell ënnerstëtzt ginn.
- reegelméisseg Reuniounë mat de Sportsveräiner gemaach gi fir eraus ze fannen, wat hir Besoinë sinn a mat wat fir enge Moyenen d’Stad hinnen am beschten hëllefe ka fir ënnert anerem kënnen national kompetitiv ze sinn.
- mat engem Investitiounsplang dofir gesuergt ginn, datt all Veräin éierbar, anstänneg a modern Infrastrukturen huet.
- een “Office du Benevolat” geschafe ginn, fir d’Benevolat vun de Veräiner duerch gezielt Aktiounen ze promouvéieren an den néidegen Encadrement unzebidden.
- ee gemeinsamt Sekretariat geschafe ginn, dat de (klenge) Veräiner hëlleft, déi well vill administrativ Aarbecht ze meeschteren.
- d’Kultur weider finanziell, no transparente Critèren, ënnerstëtzt ginn.
- an der Stad weider ee variéierte Kulturprogramm ginn, deen eng equilibréiert Mëschong vun deene verschiddene Kulturformen ass.
- zesumme mat de kulturellen Institutiounen aus der Stad un engem Konzept geschafft ginn fir d’Kultur nach méi fir Dialog, Integratioun an Inklusioun ze notzen.
- méi Konscht am ëffentleche Raum kënnen exposéiert ginn an dësen och mat Hëllef vu Kënschtler nei amenagéiert ginn.
- méi abordabel Atelierë fir Kënschtler geschafe ginn.
- d’Stad mat hirer joerhonnerter aler Schueberfouer, hirer grousser Kiermes- a Joermäerttraditioun (Emaischen, Octavsmärtchen, Chrëschtmaart) een ëffentleche Musée iwwert d’lëtzebuergescht an d’europäescht Volléksfest-, Joermäert-, Kiermes- a Forainswiese schafen.