Fir a Wiessel an der Gemeng Monnerech erbäizeféieren, geet et drëm d’CSV Lëscht als Gesamtlëscht ze stäerken.
D’Erausfuerderunge fir eis Gemeng sinn enorm.
D’Weichen déi d’Schoulinfrastruktur, d‘Maison Relais, d‘Gemengeninfrastruktur an de Schoultransport uginn, goufen an eiser Gemeng duerch d’LSAP falsch gestalt.
D’CSV muss als Gewënner aus dëse Wahlen ervirgoen, fir dësen negativen Trend ze stoppen.
Eis Fuerderungen an dësem Zesummenhang si kloer, si goufen onermittlech an eisen Zeitungen widderholl.
Eis Gemeng brauch kee Restaurant vu 4,5 Milliounen Euros zu Monnerech. Déi Sue wire besser an en eegene Schoultransport, an e gutt Rettungswiesen an an d’Securitéit investéiert. Et muss och weider an eis Stroosseninfrastrukturen iknvestéiert ginn.
D’Gemengenaarbechter mussen an enger moderner Infrastruktur schaffe kënnen. Well d’Plaz hannert dem Gemengenhaus enk ass, muss den Atelier aus dem Zentrum vu Monnerech erausplënneren.
Do sollen dann déi néidesch Schoulopfanginfrastruturen, z.B. Maison Relais entstoen.
Mir halen och drop, datt eis Jugend weiderhin um Fussballterrain am Zentrum vun Monnerech hire Sport bedreiwe kann.
D’Bautepolitik muss mam an net géint de Bierger gestalt ginn.
Dëst si fir mech e puer vun denen Haaptgrënn fir am Oktober de Wiessel onëmgänglech ze maachen.