Colette Scheller-Lehnen
67, Secrétaire médicale a Pensioun, Féiz
Colette Scheller-Lehnen
Bestuet
Mamm vun 2 Kanner
Member vun der CSF-Monnerech

Lokales, Kultur, drëtten Alter a Schoulpolitik.

Zënter 36 Joer wunnen ech elo zu Féiz a kennen d’Problemer an d’Suerge vun den Duerfleit. Mat Ongedold waarden d’Awunner vun der rue Belle-Vue, dem Biirkewee, der Sonnestrooss an dem ieweschten Deel vun der rue Théodore de Wacquant, ma och d‘Steebréckener Leit, déi op dier anerer Säit laanscht d‘Autobunn wunnen, datt endlech den neien Echangeur Steebrécken op der A4 gebaut an och d’Bensinsstatioun Shell ofgerappt gëtt.

En anere Problem ass, datt zënter Joren de Verkéier an der rue Théodore de Wacquant immens zougeholl huet. Trotz Stroosseverengung op verschiddene Plazen, der Aféierung vun enger Tempo – 30 – Zone, do wou Haiser stinn, gëtt dës 1,6 km laang Strooss vu ville Chauffeuren leider als Rennstreck benotzt. Hei géifen nëmmen sporadesch duerchgeféiert Vitesskontrolle vun eiser Police eppes bewierken.

Ausser dëse lokale Mëssstänn, gëllt mäin Asaz awer och enger Rei aner politeschen Themen an eiser Gemeng, wéi Z.B. Kultur, drëtten Alter a Schoulwiesen.
Als Member vun der Chorale Steebrécken-Biergem sinn ech besonnesch un enger villsäiteger an ugepasster Kulturoffer zesumme mat de lokale Veräiner interesséiert.
Och déi sozial Problemer vun den eelere Matbierger an neierdéngs d‘Intégratioun vun de Flüchtlingen an eiser Gemeng, si mer e grousst Uleies.
Wat d’Schoulwiesen zu Monnerech ubelaangt, gëtt déi net ëmmer glécklech Entwécklung, villen Elteren ze bedenken.