Marianne Baustert-Berens
55, Staatsbeamtin, Monnerech
Marianne Baustert-Berens
Bestuet
Mamm vun 5 Kanner
Presidentin vun der CSF-Monnerech
Member vum CSF-Süden a vum CSF-Nationalkomité
Member vun der Chancegläichheetskommissioun

Eis Kanner stinn am Mëttelpunkt.

Als Presidentin vun der Associatioun Hëllef a Stäip Doheem, déi d’Garderie Wibbeldewapp féiert, läit mir d’Wuel vun de Kanner an Opfang-a Betreiungsstrukturen um Häerz.

Eis Kanner brauche vu Klengem un, en engagéiert Ëmfeld, wou se déi néideg Sécherheet a Gebuergenheet fannen.
Dat ass fir hir spéider Entwécklung immens wichteg. Et ass ee sech oft net bewosst, wat fir eng Verantwortung dat mat sech bréngt.

Als Member an als éischt Presidentin vun der Chancëgläichheetskommissioun setzen ech mech niewent mengem Engagement fir d’Fraen, och an fir Kanner a Jugendlecher, déi vum Liewe benodeelegt sinn.

Säit e puer Joer engagéieren ech mech am Komitee vun de Frënn vun de Staatleche Kannerheemer vu Schëffleng.

Als Quêteuse vun der Croix-Rouge Monnerech an als Member vum Zonta Club Esch sinn ech frou, Mënschen an Nout ze hëllefen.

Déi chrëschtlech-sozial Wäerter si fir mech vu grousser Bedeitung esouwuel an der Famill, wéi am Frëndeskrees an am deegleche Liewen.