Säit menger Kandheet si meng Wuerzelen zu Monnerech. Hei sinn ech doheem a mäi Bouf geet hei an d’Schoul.
No langjähreger Berufserfahrung als Personalberoder am Finanzsektor hunn ech mech selbststänneg gemaach a si säit 5 Joer zu Monnerech Generalagent vun enger bekannter lëtzebuerger Versécherungsgesellschaft.
Am Kader vu menge politischen Aktivitéiten sinn ech Member vum Comité an Tresorière vun der CSV Sektioun Monnerech a Member vun der Bautekommissioun. Säit e puer Joer sinn ech och Member vum Comité an Tresorière vun der Elterevertriedung.
Meng Stäerkte sinn d’Sozialkompetenzen: op d‘Leit zougoen, hinnen nolauschteren an hir Suerge verstoen.
Mir leie verschidde Sujeten um Häerz déi eis Kanner betreffen: fir hinnen eng sécher, stressfräi Dagesbetreiung ze garantéiere wär et sënnvoll, d‘Maison Relais mat der Schoul lokal ze zentraliséieren. Fir d’Sécherheet vun eise Schoulkanner soll de Schülertransport duerch Busse vun der Gemeng nees agefouert ginn. Dozou gehéieren och déi limitéiert Parkméiglechkeete bei der Schoul. En Aménagement vun engem Kiss & Go Parking drängt sech op fir dës Situatioun ze verbesseren.
Aus eisem Duerf ass mëttlerweil eng Klengstad ginn, d‘Awunnerzuel explodéiert, de Verkéier platzt aus allen Néit, mee d‘Infrastrukturen sinn nach ëmmer déi selwecht. Doduerch ass fir vill Leit d‘Liewensqualitéit hei zu Monnerech staark zréckgaang. D‘Ofschafe vun eisem lokale Policebüro huet och bestëmmt net zur Verbesserung vun eiser Sécherheet bäigedron.