Programme électoral
de la CSV commune Troisvierges

Eis Gemeng, mat diskutéieren, mat décidéieren

 

  • Info-Owender fir d’Bierger organiséieren
  • De Reider « online » stellen
  • Eis Internetsiten nei gestalten, mi no beim Bierger
  • Mi flexibel Öffnungszékten van eiser Gemeng abéiden
  • Englisch als zousätzlich Kommunikatiouns-Sprooch no baussen aféieren

Eis Gemeng fir Jonk an Al

 

  • Spillplatzen erneieren a pflegen
  • Vermëttlung abéiden tëschent Betriber an Bierger fir kleng Aarbichten
  • « Repas sur roues » ënnerstëtzen
  • D’Barrièrefräiheet verbesseren
  • Strukture fir eis eeler Matbierger sëcheren

Eng sëcher Gemeng a starik Rettungsdéinster

 

  • Asatz fir d’Sëcherheet van eise Bierger
  • Verkéierssëcherheet stärken
  • Optimal Strukture fir eis Rettungsdéinster erméiglichen
  • Regelméisseg 1. Hëllef- an Defibrillatiounscoursen abéiden
  • Asatz fir eng goud medizinisch Versuargung
  • Positiv Astellung zum Projet « agents municipaux »

Eng Gemeng, déi d’Mensche beienee brengt

 

  • Erwassenewegderbildung abéiden
  • Kommunal Sproochcoursen organiséieren
  • Veräiner stärken an d’Zesamenaarbicht ënnerstëtzen
  • Veräiner a Vereenigungen bei Aktivitéiten ënnerstëtzen
  • Dat kulturellt, sportlicht an touristischt Angebot wegder verbesseren

Eis Gemeng, een zouverlässige Partner firr eis Wirtschaft

 

 

  • Asatz verstärken, fir dat sich lokal Betriber kannen an eisen Industriezonen erwegderen a nei Betriber sich néier lossen
  • Den Dialog mat den Betriber optiméieren
  • Gruuss-Strooss zu Ëlwen mat neie Geschäfter beliäwwen
  • Förderung va regionalen Aarbichtsplatzen a va lokale Betriber

Wunnen an enger nohaltiger Gemeng

 

  • Iwerschaffe vam Flächennotzungsplang a vam Bautereglement
  • Schafe va Méifamilljenhäiser
  • Erhale vam Duarrefcharakter
  • Ëmweltschounend Flächenotzung
  • Ënnerstëtzung va verschiddene Wunnkonzepter
  • Förderung va sozialem a bezahlbarem Wunnraum
  • Optimal Notzung van der bestehender Wunnsubstanz
  • Duarrefverschingerungsmoossnahmen

Energie a Klimaschutz an eiser Gemeng

 

  • Energieoptiméierung an den Gemengegebeier
  • Bau van enger neier Heizzentral vam Fernwärmenetz mat erneierbaren Energien
  • Zentral Distanzsteierung van Heizungen an den Gemengegebeier
  • Energiesparend Beliichtung am öffentlichen Raum

Mobilitéit a Verkéier an eiser Gemeng

 

Eisebahn

Mer setzen eis a fir:

  • Vergriisserung vam Parkraum op der Ëlwenter Gare
  • Ee behënnertegerechten Zougank op deen zweite Quai
  • Een zweegleisigen Ausbau van der Eisebahnstreck Ëlwen – Kliärref

 

Öffentlichen Transport

  • Transportméiglichkeeten gezielt fir Senioren abéiden
  • Beschrëftung van de Bushaltestellen an digital Fahrplananzeig
  • Regional Zesamenaarbicht fir d’Erwegderung vam Busfahrplan om Sonndig a Feierdag

 

Velosweeënetz

  • Ausbau van de Velospisten van Ëlwen op Kliärref an op Wäiswampich
  • Zousätzlich Abannungen an d’Vennbahn
  • Ëlwen: rue de Bellain > Vennbahn
  • Drénkelt > Vennbahn

 

Verkéiersinfrastruktur

  • Punktuell verkéiersberuhigt Zonen (z.B. bei Servior)
  • Stroosserenovéierungen
  • Infrastrukturerneierungen

Ëmweltschutz an eiser Gemeng: Global denken, Lokal handelen

 

  • Ënnerstëtzung van eise landwirtschaftliche Betriber
  • Bau va Kläranlagen zu Ëlwen an Kirrchen
  • Bau van engem Wasserbehälter zu Huldang (Gemeng & DEA)
  • Astandhale van den Infrastrukturen va Kanal a Wasserleitung
  • Sensibiliséierung fir Aaffall ze vermeiden an ze trennen