Beetebuerg ass meng Heemecht. Mäin Doheem. Ech well mech dofir asetzen, datt mer eng lieweg Gemeng bleiwen. Vill Projete si lancéiert ginn, fir d’Liewensqualitéit an eisen Uertschaften a Quartieren ze verbesseren. Vill ass sanéiert a verschéinert ginn. Ech well mech asetzen, datt mer op deem Wee weiderginn.
Mat Projete wéi dem Familljegaart an dem Gemeinschaftsgaart am Park Jaquinot sinn nei Plazen entstanen wou mer eis kënne begéinen. Mam neie Park Krakelshaff an dem Park Klenschenhaff wäerte mer nach weider gréng Oasen an eiser Uertschaft kréien, déi iwwer déi nei Sonnepromenade mateneen verbonne sinn.
Als Papp vum Eva a vum Lisa war et mir wichteg, datt an all Wunnquartier Tempo 30 agefouert gouf. A mengem Beruff als Assurance-Inspekter kréien ech all Dag mat wat fir Misär duerch Accidenter kann entstoen.
Ech sinn mam Claudia Sofia Coimbra Vieira bestuet. Eis Elteren koumen aus dem Portugal op Lëtzebuerg. Mir wëllen neien Awunner eis Heemecht weisen, datt eis Gemeng och fir si en neit Doheem gëtt.