- Member vun der Association du Personnel du LTA
Hobbyen:
Velo, Fitness, Tennis, Football
Hobbyen:
Velo, Fitness, Tennis, Football
45 Joer
Papp vun 2 Kanner
Liewenspartnerin: Martine Hansen
Mäi Studium „Ingénieur agronome“ hunn ech op der Uni Hohenheim (Stuttgart) 1997 ofgeschloss. Dono hunn ech 10 Joer als Associé an als Beroder an enger lëtzebuerger Firma am virgelagerte Beräich vun der Landwirtschaft geschafft. Vun 2007 un sinn ech Proff an der Akerbauschoul, wou ech v.a. op den Ofschlossklassen “Economie” ënnerriichten. Ech sinn och zoustänneg fir d’Stagen, si mat responsabel fir eise Versuchsbetrieb zu Bettenduerf, schaffe mat un der Reform vun der Beruffsausbildung a si Formateur an der Erwuessenenausbildung am Beräich „gestion d’entreprise“ am Kader vun der Installéierung bei de Baueren, Gäertner a Wënzer.
Well d’Schoulgemeinschaft mech staark interesséiert sinn ech schonns zënter Jore Member vum „Proffecomité“ a vum „conseil d’éducation“.
Zënter éiweg ass Foussball méin Hobby. An den 80er Joren hun ech zu Ettelbréck a Wolz gespillt, war an där Zäit och am Kader vun de Jugend-Nationalequippen (U14-U21) a sinn dunn an den 90er Jore bei d’Young Boys Dikrich gewiesselt.
Nodeem ech meng Trainerschéiner gemeet hunn, war ech nach Spillertrainer zu Brouch an duerno am Préizerdaul. Am Moment kucken ech leider méi Foussball, wéi ech es spillen. Ech probéiere mech fit ze halen mat Fitness, Tennis a Vëlo-Fueren.
D’Entwécklung vun Dikrich am Kader vun der Nordstad-Planung ass fir mech eng vun de Prioritéiten. D’Nordstad muss a mengen Aen fir den Norden een Entwécklungs- an Attraktiounszentrum ginn, genausou wéi Belval fir de Süden. Dat geet nëmmen duerch ee Matenee vun den Nordstadgemengen an engem konsequenten Input vun eiser Regierung. An deem Sënn brauche mer eng gezielt a koordinéiert Entwécklung vun eiser Economie, eiser Mobilitéit an eisem Wunnraum.
D’Ausbildung a Betreiung vun eise Kanner as a bleift eng Erausfuerderung fir d’Zukunft, a muss optimal am Sënn vun de Familljen organiséiert ginn. Mee och d’Sport- a Fräizeitgestaltung ass a mengen Aen, fir ee gutt Zesummeliewe vun eiser multikultureller Gesellschaft a fir eng gutt Liewensqualitéit vun eis alleguer, immens wichteg.
Dan KNEIP am Gespréich mam Gemengesekretär René LILTZ