Pit Winandy
Pit Winandy
48 Joer
bestuet, 2 Kanner
Generaldirekter vum Forum pour l’Emploi
  • Vizepresident vun der CSV Dikrich
  • Member vun der Bautekommissioun
  • Member vum Lions Club Éisléck

Hobbyen:

Juegd, Football, Tennis

Pit Winandy

 

Ech sinn de 14. Januar 1969 gebuer an zu Ensber opgewuess. Haut sinn ech bestuet a Papp vun zwee Jongen. Säit 2002 wunnen ech zu Dikrich, wou ech meng Lycéeszäit am LCD verbruecht hunn. Duerno hunn ech zu Freiburg im Breisgau Forstwissenschaft studéiert. Mäi Beruffsliewen hunn ech als Consultant forestier an der Privatwirtschaft ugefaangen. Duerno hunn ech ee Joer bei der Forstverwaltung geschafft, bevir ech 1999 bei de Forum pour l’emploi gewiesselt sinn. Dësen Job als Generaldirekter gëtt mir och no 18 Joer nach ëmmer immens vill Satisfaktioun, well ech Mënschen, déi net esou vill Chance am Liewen haten, eng Méiglegkeet ka ginn, de Wee zeréck an d‘Arbechtswelt ze fannen. Zesumme mat mengem Personal hu mir an dëser Zaït méi wéi 1100 Leit dëse Wee erméigelegt.

 

Mäi politesche Wee huet mech virun aacht Joer bei d’CSV bruecht, wou ech virun dräi Joer Vize-President vun der Sektioun Dikrich gouf.

 

Ech setze mech an fir eng staark Nordstad mat vill Liewensqualitéit fir jiddereen.

 

Pit WINANDY op der Table Ronde vun der Denkfabrik Nordstad  am CAPE