Fir den Image de marque vun Ettelbréck ze verbesseren an di perséinlech Identifikatioun vun allen Awunner mat hirer Stad ze fërderen huet de Pascal Nicolay an de leschten 12 Joer als Gemengerotsmember – zesumme mat senge jeeweilegen Comitéskollegen – eng Bibliothéik gegrënnt, de Pattonmusée ausgebaut, de Sentier urbain touristique erschaf, a verschidde Festivitéiten mat organiséiert.
Als President vun der Secherheets- an Intergratiounskommissioun huet hien vill Verantwortung iwerholl. An däer Richtung fiert hien och weider.