Ech schaffe bei Caritas Lëtzebuerg um Programm Young Caritas mat lauter motivéierte Benevollen a mat Mënschen, deenen et am Moment net sou gutt geet. 2016 hat ech déi grouss Éier fir mäin Engagement de „Prix du citoyen européen“ vun der Europäescher Kommissioun ze kréien. Dat huet mir vill Dieren opgemaach. Souguer de JCJ huet mir missten nolauschteren.
Den 8. Oktober ginn ech fir d’CSV an der Stad mat an d’Gemengewahlen. Firwat hunn ech dëse Schrëtt gemaach? Wat dréift mech un?
Egal, wou ech schaffen, an egal, wat fir eng Mënschen ech treffen, eppes ass fir mech ëmmer dat Wichtegst: jiddereen huet eng onendlech Würd! Egal ob jonk oder scho méi laang jonk, frou oder traureg, vun hei oder vun enzwousch anescht, räich oder arem drun – jiddereen!
Ech si faszinéiert vun der Iddi vun enger Gesellschaft, an där mir all zesummeliewen an déi gepräägt ass vu Solidaritéit, Kreativitéit, Offenheet a Freed. Dofir setzen ech mech gären an. Dat wëll ech an onser Stad erliewen, matgestalten an den Iddie vun deene ville Leit eng Plaz ginn.
Ech engagéiere mech och net eleng, mä zesummen an enger flotter a cooler Equipe. Léiert och si kennen! A wa mir Iech iwwerzeegen, schenkt ons den 8. Oktober Äert Vertrauen! Wielt CSV – Lëscht 3!