Marianne Weisgerber
44, Diététicienne indépendante, Biergem
Marianne Weisgerber
Bestuet
Mamm vun 1 Kand
Member Comité CSV-Monnerech

Duerch mäi Beruff als Ernährungsberoderin, ass mir vill un der Gesondheet geleeën. Dëst ass e Sujet, deen all Altersschichte betrëfft a vereent. Et läit mir um Häerz déi verschidde Generatiounen zesummen ze bréngen, wat eng lieweg Gemeng auszeechent.

Als Mamm vum Sarah, mengem 10-järege Meedchen, ass d’Schoulwiesen mir ganz wichteg. Dozou zielen och modern schoulesch Infrastrukturen an e sécheren an zouverlässege Schoultransport fir all Kanner.

Eng Gemeng soll all senge Bierger e séchert Doheem bidden. Dowéinst wëll ech mech fir d’Präsenz vun der Police an d‘Ënnerstëtzung vun de Pompjeeën an eiser Gemeng asetzen.

Mäin Ziel ass, zesumme mat allen Awunner, d’Gemeng weider no vir ze bréngen. Mat mengem Engagement wëll ech hëllefen, d’Liewen an der Gemeng Monnerech ze verbesseren.