Georges
Thull
- 27 Joer, Agriculteur, Bierchem
Mäin Numm ass Georges Thull, ech hu 27 Joer a wunne säit bal 20 Joer zu Bierchem.
Als engagéierte Veräinsmember leie mir besonnesch d'Interesse vun eiser Jugend an eise Lokalveräiner um Häerz. Dowéinst setzen ech mech dofir an, dass bestoend Infrastrukturen, wei zum Beispill d'Jugendhaus, weiderhin ënnerstëtzt ginn. Als weidere Punkt striewen ech un, dass nach méi op d'Wënsch an d'Fuerderunge vun eise Veräiner agaange gëtt, fir dass sie ënner anerem déi Jugendlech mei encadréiere kënnen an esou de Jugendnowuess gestäerkt ka ginn. Déi Jonk, déi sech ausseruerdentlech um Veräinsliewe bedeelegen, mussen dëst och unerkannt kréien. Dowéinst ginn ech den 8. Oktober mat der CSV an d'Gemengewahlen.