Christophe Anthon
28, Employé de l'Etat bei der Police, Beetebuerg
Christophe Anthon
28 Joer
Beetebuerg

Employé de l'Etat bei der Police
Chef bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Eng Gemeng ass och en Doheem fir déi Jonk. An de leschte sechs Joer ass vill a Kultur a Sport investéiert ginn. Mam Literaturpräis fir Jonker huet eis Gemeng en Zeeche gesat, dat mir d’Kreativitéit vu Jonken eescht huelen an ënnerstëtzen.

Mat mengem Engagement bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten geet et mer drëm de Jugendlechen e Rucksak mat Hëllefsmëttel mat ze ginn fir hire Wee am Liewen ze goen. Speziell dem Moto ëmmer bereet bleiwen ech trei an och als Trompettist an der Harmoniechen vun der Beetebuerger Musek ass et mer wichteg ze weisen, wat mer zesummen als Jonker kënnen areechen.

No mengem Studium am Management hunn ech während 2 Joer an engem Startup zu Zürech a Berlin geschafft a schaffen haut an der Sektioun Néi Technologien vun der Police Judiciare. Als Leefer sinn ech gewinnt Ausdauer ze hunn an Ausdauer brauch en och an der Politik fir e Projet ze realiséieren.

Et geet elo drëm eis fir eng weider Entwécklung vun eiser Gemeng staark ze maachen déi net op Käschte vun de kommende Generatiounen geet. Dofir wëll ech de Jonken eng Stëmm am Gemengerot ginn.

Christophe Anthon