Guy Bley
45, Haut-Commissaire adjoint à la Protection Nationale, Beetebuerg
Guy Bley
45 Joer
Beetebuerg

Haut-Commissaire adjoint à la Protection Nationale
Fréiere Responsabel vun der Protection Civile

Eng Gemeng muss e séchert Doheem sinn. Mir kennen op e staarke Rettungsdéngscht zielen a sinn houfreg op den Asaz vun eise Fräiwëllegen. Dat muss och no der Reform assuréiert sinn. Méi Awunner, nei Entreprisen, neit Geforepotential : Eis Gemeng huet sech an de leschte Joer gutt op déi nei Erausfuerderunge preparéiert.

Am Gemengerot wëll ech mech dofir asetzen, datt mer an Zukunft weider e séchert Doheem bidden. Dofir brauche mer och an den nächste Joer eng enk a vertrauensvoll Kooperatioun mat eise Rettungsdéngschter an eiser Police.

Als fréiere Responsabel vun der Protection Civile leit et mer um Häerz eng gutt medezinesch Versuergung an der Gemeng ze garantéieren.

Haut këmmeren ech mech am Haut-Commissariat à la Protection Nationale ëm d’Präventioun an de Krisemanagement um nationalen Niveau. Meng Erfarung wëll ech am Gemengerot abréngen.

Ech sinn mam Valérie Noullez bestuet a mir hunn zwou Duechteren d’Clara an d’Lea.

Guy Bley