Linda Dominici
41, Léierin am Fondamental, Näertzeng
Linda Dominici
41 Joer
Näertzeng

Léierin am Fondamental

Eng Gemeng muss kannerfrëndlech sinn. Als Léierin ass et mir wichteg, datt mer modern Schoulen hunn, déi eis Kanner op hir Zukunft preparéieren. Neie Schoulraum wäert an de nächste Joer gebraucht ginn a mir wëllen eng nei Schoul plangen.

Als Mamm vum Nina ass et mer wichteg, datt mer den Elteren eng flexibel Betreiung offréieren. Bei der Reebou-Schoul entsteet an den nächste Joer eng nei Maison Relais mat Schoulrestaurant a Sportshal. Dat wäert eng nach besser Betreiung vun de Kanner erméiglechen. Mat der Bëschcrèche beim Parc Merveilleux geet eis Gemeng en innovative Wee vun Integratioun.

Ech sinn zu Beetebuerg opgewuess a no engem Passage zu Diddeleng hunn ech meng nei Heemecht zu Näerzeng fonnt. Hei wunnen ech mat mengem Partner dem Fernando Cabezas an eiser Duechter.

Linda Dominici