Fir d’Mireille Schmit ass et wichteg en oppent Ouer fir d’Suergen an d’Uleies vun de Bierger ze hunn. Dowéinst engagéiert hatt sech an der Vinzenzkonferenz, déi Léit a Nout bei hëlleft. Als Member vun engem Service Club setzt hat sech fir sozial Projeten zu Lëzebuerg an.
Als Ekonomist leet d’Mireille Schmit grousse Wäert op eng responsabel Finanzpolitik. Hatt huet sech schonn a jonke Joren fir d’Politik interesséiert a war CSJ Presidentin vum Norden a laangjärege Member vum CSF-Nationalkomitee respektiv vun der CSF-Norden.