Mäin Numm ass Weyland Aurelie an ech wunnen zënter menger Gebuert zu Äischen. Ech sinn am Kader vu mengen Elteren hirem Commerce opgewuess, wat mer vill gehollef huet e soziale Kontakt mat de Leit ze fannen an um Duerfliewe mei deel ze huelen.
Ech sinn zënter 18 Joer am Club des Jeunes an och schon 10 Joer Sekretärin.
Mäin Interessi fir Kanner a Jugend huet sech a mengem pädagogesche Studium ëmmer mei positiv entwéckelt, sou dass ech dat zu mengem Beruff a mengem Hobby (Fräizäit) gemaach hunn.
Berufflech schaffen ech als Responsabel zu Mamer an enger Crèche//Foyer du jour.
Ech fannen et wichteg, dass mer op eng Inklusioun duer schaffen, domat all Mënsch mat all senge Stäerkten a Schwächen, déi selwecht Chance kritt, op jonk oder eeler Leit.
Mat der CSV-Equipe well ech déi ënnerschiddlech Sozialstrukture verstäerken, fir dass all Bierger sech an eiser Gemeng wuel fillt an integréiert.
Dat ass a mengen Ae ganz wichteg fir d’Selbstvertraue vun de Leit ze stäerke souwéi och all de Leit ze erméiglechen um Duerfliewen deelzehuelen.