Mäin Numm ass Moes Carlo, hunn 55 Joer, bestuet a Papp vun 2 Meedercher.
Ech sinn opgewuess zu Äischen, vu Beruff sinn ech Bréifdréier, den ech zanter mengem Militärdéngscht ausüben, an dat vun 2004 un an eiser Gemeng.
Ech hun decidéiert mech politesch ze engagéieren. Wat mir besonnesch um Häerz läit ass, dat mir eng Gemeng behalen, déi finanziell gesond a liewenswäert ass ënnert bescht méiglech Konditiounen am Wuel vun all eise Bierger.
Deswéideren ass et mir wichteg, dat mir an eiser Gemeng en erschwengleche Wunnraum behalen, den och fir jonk Famillje bezuelbar ass.
Duerfir sinn ech motivéiert an enger dynamescher Equipe matzeschaffen an ze hëllefen, dass eis Gemeng och an Zukunft attraktiv bleift.
Meng Fräizäit verbréngen ech gären mat menger Famill a Frënn, si gären an der Natur.
Ech maachen selwer Sport a fueren leidenschaftlech gären Vëlo an interesséiere mech fir Motorsport.