Méin Numm ass Jimmy Carelli, hu 24 Joer a wunnen zanter mengem éischte Liewensjoer zu Habscht.
Ech hunn am Mee vun dësem Joer meng Studien op der Universitéit zu Lëtzebuerg, mat engem Master an der Europäescher Zäitgeschicht, ofgeschloss.
Mat 18 Joer sinn ech der Partei bäigetrueden. 2012 sinn ech an de Comité vun der CSV Sektioun Äischen-Habscht opgeholl ginn. Ech schaffen zanter 2014 aktiv am Comité vun der CSJ Süden mat, a sinn och vun dësem Joer un Member am CSJ Nationalcomité.
Meng Fräizäit verbréngen ech gär mat menger Famill, mat menger Frendinn a mat Kollegen. Ech sinn aktive Museker a Comitésmember vun der Harmonie Habscht.
Dat ech Naturverbonne sinn, beweist méin Engagement an der Ëmweltkommissioun. An deem Sënn hunn ech mer virgeholl, mech fir eng weiderhin gutt Liewensqualitéit an onser Gemeng anzesetzen.
Donieft léit mir als Historiker den historeschen a kulturelle Patrimoine vun eiser Gemeng besonnesch um Häerz.
Meng berufflech Perspektive gesinn ech am Schoulwiesen, wat mat sech bréngt, datt d’schoulesch Bildung an d‘Jugend zwee vu mengen Haapt Interessëgebidder sinn.
Mat mengem Engagement a menger Leidenschaft fir Lokalpolitik well ech hëllefen d’Liewen an der Gemeng Habscht ze verbesseren, an et onse Bierger erlabe weiderhin gutt a flott ze liewen, ze schaffen an ze wunnen.