Mäin Numm ass Nello Zigrand, bestuet mam Sylvaine Dupont, Papp vum Pauline a Chloé, wunnen zu Äischen zënter 1996 a schaffen als Sekretär bei der Militärmusek.
Hunn d’Éier President ze si vun der Kulturkommissioun aus der Gemeng Habscht a vum Syndicat d’Initiative Eischen a si Comitésmember vun der Entente des Communes et des Syndicats d’Initiative des Vallées de l’Eisch, de la Mamer et de l’Attert Asbl.
Gepräägt duerch meng Famill, déi an der belscher CSV aktiv war, wollt ech vu klengem un an d’Politik an Haut huelen ech mir d’Zäit fir dësen neie Challenge.
Beräicher wéi Finanzen an Infrastrukturen, Environnement a Liewensqualitéit, Verkéier a Mobilitéit, Integratioun a Kultur si fir mech ganz wichteg.
Eng Finanzpolitik am Interêt vun alle Leit mat Infrastrukturen déi sech weise loossen.
Bierger déi zefridde mat hirem Environnement sinn a wou Mënsch a Natur enk verbonne bleiwen.
Eng Mobilitéitspolitik no beim Bierger am Aklang mat onsem Zäitalter.
Integratioun duerch Kultur soll Eeler a Jonk, Lëtzebuerger an net Lëtzebuerger nach méi zesumme brénge fir weider am Allgemengwuel ze handelen.
Mäi Motto am Liewen ass: „eppes baue mat deem wat ee gëtt!“ Dat soll och net änneren.