Pia Weyland-Wege
57, Diploméiert Infirmière, Äischen
Pia Weyland-Wege
Infirmière diplômée
Responsabel vun engem Hëllef- a Fleegedéngscht doheem

Mei Numm ass Pia Weyland-Wege. Ech hunn 57 Joer, 2 Kanner an 3 léif Enkelkanner. Ech si mam Manuel Weyland bestuet a wunnen zënter 1992 an der Habschter Gemeng.

Vu Beruff sinn ech Infirmière, a si Responsabel vun engem Hëllef a Fleegedéngscht.

All Dag bekëmmeren ech mech em Leit deenen et gesondheetlech net esou gutt geet. Och gesinn ech wéi d’Liewe fir déi eeler Matbierger am Alter mei schwéier gëtt. Mä do ginn et awer vill Hëllefsstrukture fir dem entgéint ze wierken, déi schon deelweis an eiser Gemeng ugebuede ginn.

Natierlech wëll ech mech och asetze fir déi jonk Leit aus der Habschter Gemeng. Ech wëll mech dofir mat der CSV staark maache fir eng gerecht Sozialpolitik an eiser Gemeng a versiche Sozialstrukturen ze verstäerken.

Meng Fräizäit verbréngen ech am léifste mat menger Famill a menge Frënn. Gi gäre mat mengem Mupp spadséieren, reese gär fir aner Kulture kennen ze léieren.