Touraj Rastegar
47, Dokter, Koplescht
Touraj Rastegar
47 Joer
Dokter

4 Kanner

Motivatioun

  • Ech si Kandidat, well ech mech dofir asetze wëll, datt manner Verkéiersaccidenter geschéien an d’Foussgänger, a virun allem eis Kanner, sech an eiser Gemeng ouni Risiko beweege kënnen. Mir ass et och wichteg, datt mir eis Uertschafte vun engem urbanistesche Gesichtspunkt méi schéi gestalten.
  • Wann ech net schaffen oder Politik maachen, da sinn ech gär mat menger Famill a menge Frënn, reesen, maache reegelméisseg Sport a spadséieren duerch eis Bëscher.
  • Ech wënsche mir, datt mir genuch Vertraue vun de Wieler kréie fir datt mir all eis ambitiéis Projete kënne realiséieren.

Engagementer

  • Member a President vun der Kommissioun fir Chancegläichheet
  • Member vun der Kommissioun fir Integratioun
  • Member vum Comité vum Foyer de Jour Botterblumm a.s.b.l.
  • Member vum Comité vun der CSV Koplescht-Briddel