Romain Diederich
48, Geografiesprofesser
Romain Diederich
48 Joer

Geografiesprofesser
Fréiere Premier Conseiller am Nohaltegkeetsministère

President Interesse-Syndikat Lampertsbierg

Haaptthemen: Stadentwécklung, Urbanismus, Mobilitéit

Als Geograf spezialiséiert a raimlech / städtescher Entwécklung, esou wéi Mobilitéit / Transport interesséieren ech mech schonn zanter bal 30 Joer fir ons Stad. Dësen déiwen Interêt sou wéi meng vergaange berufflech Erfarung als 1. Regierungsrot am Ministère vun der nohalteger Entwécklung an den Infrastrukturen an net zulescht meng Aarbecht a meng Erliefnisser am Lampertsbierger Syndikat hu mech derzou beweegt mech fir d’CSV an der Stad Lëtzebuerg als Kandidat bei de Gemengewahlen den 8. Oktober ze engagéieren.

Ech wëll mech 100% dofir asetzen, datt déi katastrophal Verkéierssituatioun sech an Zukunft verbessert, d’Wunnengspräisser méi abordabel ginn an d’Liewensqualitéit an de Wunnquartieren nees an d’Luucht geet.

Nei Iddien, Konzepter a Projete sinn heifir gefrot. Mir brauchen eng aner Approche fir d’Entwécklung vun eiser Stad.

Fir datt mer eis Stad besser liewe kënnen, ass e Wiessel am Schäfferot noutwenneg.

Wielt dofir déi flott, kompetent an dynamesch CSV-Equipe – Lëscht 3!