Anouk Boever-Thill
39, Kinesitherapeute Independante, Biergem
Anouk Boever-Thill
Bestuet
Mamm vun 2 Kanner
Member vum CSV-Monnerech
Member vun der CSF-Monnerech

10 Joer wunnen ech elo zu Biergem a wëll mech engagéieren an eng Hand mat upake fir eis Gemeng weiderzebréngen. Dofir ass awer och e konstruktiven Dialog am Gemengerot wichteg, dofir brauche mer e Changement.

Als Jugendtrainerin a fréier Sportlerin ass et mär wichteg d’Sportsveräiner an der Gemeng beschtméiglechst z’ënnerstëtzen an ze promouvéiere, fir datt eis Kanner vun all deene positiven Aspekter vum Sport kënne profitéieren.

Eis Gemeng soll kontrolléiert wuessen, dofir mussen awer och Projeten ausgeschafft ginn wat den Ausbau vun de Schoulen an den Opfänkstrukture fir eis Kanner ugeet, déi den Lotissementsprojeten vun der Gemeng gerecht ginn an den Ufuerderunge vun haut entspriechen. Och wann dat e weidere Käschtepunkt ass, wier mam Kaf vun engem Schoulbus fir d’Gemeng, wéi de „Charelbus“, e bessere Fonctionnement a méi Flexibilitéit erëm garantéiert.

D’Verschéinere vun den eenzele Quartieren duerch gréng Oasen a Spillplazen, en Zentrum mat weidere klenge Commercen, méi kulturell a sportlech Manifestatiounen sollen d’Gemeng Monnerech opliewen an hir Bierger zesummekomme loossen.