Alain Gillet
42, Staatsbeamten beim Enregistrement, Beetebuerg
Alain Gillet
42 Joer
Beetebuerg

Staatsbeamten beim Enregistrement
Gemengerot
Vize-President vun der Asbl Haus fir Grouss a Kleng

E liewegt Veräinsliewen ass fir mech en Zeeche vun enger lieweger Gemeng. Eppes beweegen, Leit zesummebréngen, zesumme Freed hunn. Mir brauche Mënschen déi bereet si sech z’engagéieren. Mir hu mat engem neie Subsidienreglement d’Ënnerstëtzung vun den aktive Veräiner a besonnesch der Jugendaarbecht staark verbessert. Mee och logistesch ginn all d’Veräiner ënnerstëtzt fir datt se sech kënnen op hir Aufgabe konzentréieren. Mir gesinn d’Veräiner als Partner vun der Gemeng.

Mam LiteraTour, der Nuits des Sports, der Fête de l’Amitié oder och nach dem Wantermaart setze mer en Zeeche vun dëser Partnerschaft fir e liewegt Zesummeliewen.

Mat menger Fra, dem Maria Dantas hunn ech zwee Bouwen, de Cyril an de Raphaël. Och meng Kanner sinn haut op verschiddene Plazen aktiv. Als Eltere war et eis wichteg, hinnen de Wäert vum Engagement ze vermëttelen. Eng Hand mat upaken wou ee gebraucht gëtt. Ech sinn iwwerzeegt, datt jidderee gebraucht gëtt op Jonker vun haut oder Jonker vu fréier.

CSV Beetebuerg – Alain Gillet

Eng Gemeng – Eng Equipe: Mir wëllen eis Gemeng weider zesumme mat Iech no vir bréngen. 15 engagéiert Kandidaten aus Ärer Mëtt mat Iddien fir eis Gemeng.Haut stelle mir den Alain Gillet vir.#beetebuerg #csv #gemengewahlen2017 #kloernogerechtCSVBeetebuerg

Posted by CSV Gemeng Beetebuerg on Samstag, 1. Juli 2017

Alain Gillet