De Verkéier bléift déi grouss Erausfuerderung vun eiser Gemeng. Mir hunn zesumme mam Staat, den Entreprisen an der Stad Diddeleng e Mobilitéitskonzept ausgeschafft. Dat Konzept gëtt Schrëtt fir Schrëtt realiséiert. Niewent de groussen nationalen Infrastrukturprojeten wéi dem Bau vun enger neier Eisebunnsstreck an dem Ausbau vun der Autobunn gehéiert och de Reamenagement vun den Entréeën a Beetebuerg dozou. Op der Diddelengerstrooss sinn déi Aarbechten um Lafen. Mat intelligente Luuchte kënne mer herno de Verkéier duerch d’Uertschaft regléieren.
Ech wunne mat menger Famill, menger Fra dem Anne Schmit a mengem Bouf Félix op der Lëtzebuergerstroos. Mir kréien de Verkéier op dëser Plaz all Dag mat.
Beetebuerg ass eng Verkéierskräizung vu Bunn a Strooss. Mee mir suergen mat dëse Projete fir eng Verbesserung vun der Liewensqualitéit fir all Awunner. Dozou gehéiert och, datt mam Ausbau vun der A3 den Lärmschutz staark verbessert muss ginn. Dofir setze mir eis weider an.