Christiane Hennico-Kaber
53, Remplaçante an der Maison Relais, Beetebuerg
Christiane Hennico-Kaber
53 Joer
Beetebuerg

Remplaçante an der Maison Relais
Presidentin vun der Bénévolatskommissioun
Presidentin vun der Kannerchorale "Les enfants de l'Alzette"

Kultur bréngt Mënschen zesummen. Mir hunn dem kulturelle Liewen an eiser Gemeng vill nei Impulser ginn. Mam LiteraTour, Ënnerstëtzung vun Theaterproduktiounen a Concerten. Mam Bau vun engem neie Kulturzenter zu Hunchereng schafe mer fir déi kommend Joer d’Viraussetzung fir eis kulturellt Liewen weider ze beräicheren.

Ech si selwer zesumme mat mengem Mann Roger Hennico an der Chorale Sängerfreed aktiv an zesumme mat aneren hu mer och dem Kannerchouer eng nei Chance ginn. Eis dräi Kanner maache Musek an ech konnt erliewen wéi wichteg déi musikalesch Erzéiung fir hir Entwécklung war. Dat huet mech beweegt, anere Kanner déi Freed um Sangen an der Musek weiderzeginn.

Als Presidentin vun der Benevolatskommissioun war et mer wichteg, d’Veräiner an d’Gemengeliewen anzebannen a fir Kooperatiounen ze suergen. Dat ass eis zum Beispill ganz flott mat der Ouschtereeërsich am Schlasspark gelongen.

Am Gemengerot wëll ech mech weider dofir asetzen, datt mer eist Zesummeliewen mat Kultur stäerken.

Christiane Hennico-Kaber