Jean Marie Jans
57, Professer-Ingenieur, Beetebuerg
Jean Marie Jans
57 Joer
Beetebuerg

Professer-Ingenieur
President vun der Finanzkommissioun
Sekretär vum CIGL Beetebuerg Asbl

De Bierger steet am Mëttelpunkt. All Bierger soll sech a senger Gemeng wuelfillen. Duerfir investéiere mir esou vill wéi nach ni an eis Veräiner, an natierlech allgemeng an eis Infrastrukturen: Nei Maison Relais, Kulturzenter, nei Vestiairen, Sanéierung vu Sportshal a Schwämm, Bau vun enger Regiehal a vun enger Schoul.

Mir hunn och déi onsozial Bautaxe vun eise Virgänger ofgeschaaft an duerch eng equilibréiert Taxe ersat. Mir hunn déi sozial Allocatiounen no uewen ugepasst, fir deene méi Schwaachen an eiser Mëtt ze hëllefen.

Mir hunn eis Beschäftegungsinitiative CIGL komplett reorganiséiert an op eege Féiss gestallt. Duerch d’Efforten vun der Équipe konnte sou vill Leit wéi nach ni eng Aarbecht fannen a mir konnten déi sozial Servicer fir eeler Matbierger assuréieren.

Eng Gemeng brauch stabil Finanzen, fir kënne bescht Leeschtunge fir all Bierger ze assuréieren. Trotz villen Investitiounen an de leschte Joren konnte mer eis Schold ofbauen an hunn dofir déi néideg finanziell Méiglechkeeten, fir an den nächste sechs Joer kënne weider ze schaffen.

Als President vun der Finanzkommissioun war et mer wichteg, déi finanziell Ënnerstëtzung vun de Veräiner an déi vun eise Schüler a Studenten nei ze regelen. Mir wëllen den Effort an de Mérite vun eise Jonken würdegen. »

Jean Marie Jans