Netty Kieffer-Bizjak
62, Surveillante am Schoultransport, Beetebuerg
Netty Kieffer-Bizjak
62 Joer
Beetebuerg

Surveillante am Schoultransport
Presidentin vun de Fraen a Mammen Beetebuerg

Ech si vill mam Vëlo an eiser Gemeng ënnerwee. Tempo 30 an nei Vëlosweeër maachen et méi einfach. Mee ech wëll mech am Gemengerot dofir asetzen, datt mer déi Efforte weiderfeieren. Mam VelOK hu mer och jidderengem d’Méiglechkeet gi mat engem E-Bike an der Gemeng a bis an d’Nopeschgemengen ze fueren.

Als Presidentin vun de Fraen a Mammen ass et mir och wichteg, datt Fraen an eiser Gemeng mat un den Decisiounen schafen. An datt et sozial gerecht zougeet. Ech huele mech gären de Suerge vun anere Leit un a paken eng Hand mat un zum Beispill am Weltbuttek a beim Nikloswierk.

Mir ass et wichteg, datt sech jiddereen an eiser Gemeng doheem spiert. Och eis eeler Matbiergerinnen a Matbierger. Vill Efforte gi gemaach fir hinnen eng aktiv Bedeelegung z’erméiglechen. Mam Programm « Sports & Loisirs » huet sech d’Offer fir Fräizäitsport weider verbessert. Och fir Senioren.

Begeeschtert sinn ech vun deem neie Beetebuerger Maart mat frësche Produiten deen zweemol de Mount all d’Generatiounen zesummebréngt.

Netty Kieffer-Bizjak