Carlo Köller
49, Comptable bei der UGDA, Näertzeng
Carlo Köller
49 Joer
Näertzeng

Comptable bei der UGDA

Ech fuere mam Zuch schaffen. Ech wunnen zu Näertzeng bei der Gare an dofir ass dat fir mech och eng gutt Optioun. Ech wëll mech dofir asetzen datt jiddereen e gudden Accès un den ëffentlechen Transport an domat e reelle Choix fir eng alternativ Mobilitéit huet.

Mam Flexibus hu mer an der Gemeng eng Alternativ zum Auto geschaff. Eisen eelere Matbierger steet och de Proxibus mat Begleedung vum CIGL zur Verfügung. Och de Late Night Bus ass eng gutt Saach, well en d’Leit sécher de Weekend heembréngt.

Ech sinn e Museker. D’Freed un der Musek deelen ech och mat menge véier Kanner a menger Fra dem Danie Köller-Willems. Mam neie Kulturzenter zu Hunchereng weise mer och datt eis fënnef Uertschaften als Gemeng zesummenhalen. Mir mussen déi nei Raim mat Liewen a flotte Kläng ausfëllen. An der Benevolatskommissioun setzen ech mech fir en Zesumme mat de Veräiner an. De kulturellen Opbroch vun de leschte Joer wëll ech weiderfeieren.

Carlo Köller