Najlaa Klonski-Mahboubi
36, Juristin a Médiatrice culturelle, Fenneng
Najlaa Klonski-Mahboubi
36 Joer
Fenneng

Juristin a Médiatrice culturelle
Presidentin vun der Integratiounskommissioun

Eis Gemeng ass en Doheem fir jiddereen. Als Presidentin vun der Integratiounskommissioun ass et mir wichteg neien Awunner hir nei Heemecht nozebréngen. Mir musse betounen wat eis gemeinsam ass a net dat, wat eis kann trennen. Ech kommen aus dem Maroc. Ech hat Chance Leit ze begéinen, déi mer eng Plaz an eiser Mëtt ugebueden hunn. Ech hunn Droit studéiert a wëll meng Erfarungen elo als Médiatrice culturelle weiderginn. Besonnesch och u Leit déi op der Flucht sinn an bei eis Schutz viru Krich a Verfolgung sichen.

Ech sinn houfreg op déi grouss Bereetschaft fir Flüchtlingen an eiser Gemeng opzehuelen. Beetebuerg ass eng solidaresch Gemeng. « Beetebuerg hëlleft » ass net nëmmen eng Organisatioun mee eng Grondastellung. Datt esou Initiativen wéi den Cent Buttek bei eis erstane sinn, ass keen Zoufall mee erkläert sech duerch eng Kultur vu Solidaritéit déi vu ville Mënschen gedeelt gëtt, op se gleeweg sinn oder net.

Mat der Fête de l’Amitié op Nationalfeierdag weise mer datt mer wëlle bleiwe wat mer sinn : Eng Gemeng wou jidderee gebraucht gëtt a wou jiddereen Doheem ass. Eng Gemeng déi sech weiderentwéckelt a sech selwer trei bleift.

Najlaa Klonski-Mahboubi