Nadine Stefanutti-Larosch
41, Selbststänneg, Beetebuerg
Nadine Stefanutti-Larosch
41 Joer
Beetebuerg

Selbststänneg
Sekretärin vum Beetebuerger Geschäftsverband

Eng lieweg Gemeng brauch eng lieweg Geschäftswelt. Déi nei Rue de la Gare ass eng Plaz wou mer eis kënne begéinen a wou een sech gären ophält. Dat mécht och de Commerce am Zentrum méi attraktiv. Mam Parkraum-Management gouf et iwwerhaapt nees méiglech am Zentrum och eng Parkplaz fir eng kuerz Zäit ze fannen. Mir hunn eis preparéiert op nei Geschäfter déi an der Gemeng hir Diere wäerten opmaachen.

D’Gemeng huet d’Initiativ geholl fir de Maart zu Beetebuerg nei ze beliewen. Dovu profitéiert och déi lokal Geschäftswelt. Commerce an der Noperschaft stäerkt d’Zesummeliewen an ass e Stéck Liewensqualitéit.

Duerch Konscht am Duerf oder an eise Parken brénge mer och Liewen a Faarf an eis Quartieren.

D’Famill vu mengem Mann Patrick Stefanutti kënnt aus Italien. Mir ass et wichteg datt mer net vergiesse wéi eis Gemeng och duerch Immigratioun gewuess ass. Dofir engagéieren ech mech och fir eis Partnerschaften an Italien a Portugal.

Nadine Stefanutti-Larosch